Routverrécklung

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bewegung vun enger Liichtquell relativ zum Observateur
Illustratioun vun der Routverrécklung vun der Spektrallinn fir ee wäiten Supergalaxiekoup (BAS11) riets am Vergläich zu der Sonn lénks

Als Routverrécklung elektromagnetesch Welle gëtt d'Verlängerung vun der gemoossener Wellelängt géintiwwer der ufanks emittéierter Stralung bezeechent. Den Effekt ass aus der Astronomie bekannt, wou d'Liicht vu wäite Galaxien zum Rout verréckelt erschéngt. Dëst léisst sech duerch eng Analys vun de Spektrallinne moossen.

Dräi Ursaache vun der Routverrécklung mussen ënnerscheet ginn:

  1. Eng Relativbewegung vun der Quell zum Observateur (Dopplereffekt)
  2. Een ënnerschiddleche Gravitatiounspotenzial vun der Quell zum Observateur (Relativitéit)
  3. Dat expandéiernd Universum tëscht der Quell an dem Observateur (Kosmologie)

Relativbewegung[änneren | Quelltext änneren]

Wann een Observateur eng Liichtquell, déi sech ewechbeweegt, observéiert, gesäit hien d'Wellenzich vum Liicht mat méi enger klenger Frequenz, also eppes zum rouden Enn vum Spektrum verréckelt. Dësen Effekt vun der Relativbewegung vum Sender an Empfänger heescht Dopplereffekt. D'Ännerung vun der Frequenz ass proportional zu der Vitesse.

Miessmethoden[änneren | Quelltext änneren]

An der Astronomie gëtt d'Routverrécklung duerch Methode vun der Spektralanalys gemooss; si sinn haut duerch digital amplaz fotografesch Erfaassung méi genee ginn. Fir d'Spektrallinne gutt erfaassen ze kënnen, mussen d'Galaxien eng gewësse Mindest-Hellegkeet hunn.

An der Chimie kënne Rotverrécklunge mat dem Mößbauer-Effekt besonnesch genee gemooss ginn, well d'Auspräegung vum Elektronemantel vun engem Moleküll op den Energieniveau vu sengen Atomkären zréckwierkt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rotverschiebung – Biller, Videoen oder Audiodateien