Messier 87

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stärebild Virgo
De Jet, deen aus dem Zentrum vun der elliptescher Galaxis Messier 87 erauskënnt, kënnt vun engem supermassiven schwaarze Lach hirstaamen.

De Messier 87 (och als NGC 4486 bezeechent) ass eng +8,60 mag hell elliptesch Risegalaxis mat enger Flächenausdeenung vun 8.7' x 6.6' am Stärebild Virgo (Jongfra oder och Joffer op lëtzebuergesch). De Messier 87 ass eng ganz aktiv Galaxis, déi als Radioquell och als Virgo A bezeechent gëtt. D'Galaxis ass no beim Zentrum vum Virgo-Galaxiëkoup, wou den M87 dee gréissten ass, obwuel si un Hellegkeet am visuelle Beräich vum Spektrum vum M49 iwwertraff gëtt. D'Mass vum M87 ass ronn 100 Billioune Sonnemassen. Et gëtt ugeholl, datt sech am Zentrum vun dëser Galaxis e supermassivt Schwaarzt Lach mat enger Mass vun 3×109 Sonnemassen befënnt. Een däitlecht Zeechen dorop ass de siichtbare Jet, dee vum Zentrum vun der Galaxis fortgeet.

Den M87 huet dat bis elo gréisst bekannt System vun Kugelstärekéip vun enger Galaxis. Während eis Mëllechstrooss ronn 200 Kugelstärekéip huet, geet een beim M87 vun enger Zuel ëm 15.000 souer Objeten aus. Um Bild op der Säit sinn déi meeschte vun de stärenartege Punkten am Beräich vun der Galaxis Kugelstärekéip.

[änneren] Daten

Koordinaten (Equinoxe 2000.0)

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen