Index-Katalog
Den Index-Katalog (och IC-Katalog oder IC vum engl. Index-Catalogue) bezeechent e Katalog vu galakteschen Niwwelen, Stärekéip a Galaxien.
Am Ufank gouf et zwéi Katalogen: den Index-Katalog 1 (IC 1) an eppes méi spéit den Index-Katalog 2 (IC 2). Haut ginn dës zwéi Katalogen ënnert engem Begrëff Index-Katalog (IC) zesummegefaasst.
Déi zwéin Index-Kataloge sinn Erweiderunge vum NGC Katalog, a gouf grad esou wéi deen vum Johan Ludvig Emil Dreyer zesummengestallt. Den IC 1 gouf 1895 verëffentlecht an am Katalog stinn astronomesch Objeten, déi no der Verëffentlechung vum NGC 1888 bis 1895 entdeckt goufen. Den IC 2 gouf 1908 verëffentlecht an enthält d'Objeten, déi tëschent 1895 an 1908 entdeckt goufen.
Am ganzem Index-Katalog stinn ongeféier 5.500 Objeten. Dorënner sinn och e puer Objete vum Messier-Katalog, déi net am NGC-Katalog stinn.
Am Index-Katalog stinn och Feeler grad ewéi am NGC-Katalog. Un enger Verbesserung schafft den NGC/IC-Projet. Als deelweis verbessert Versioun gëllt den NGC 2000.0-Katalog an dee sougenannten Revised NGC/IC Katalog (vir d'éischt 1997/98) vum Wolfgang Steinicke (elo Deel vum NGC/IC-Projet).
Richteg Nofolger vun dëse Kataloge gëtt et net. Zënter dem fréien 20. Joerhonnert goufe Katalogen nëmmen nach speziell fir déi eenzel Objettypen ugeluecht. Et existéieren och e puer Galaxiekatalogen.
Kuckt och [änneren]
Objete vum Index-Katalog (Auswiel) [änneren]
- IC 44 (Galaxis am Stärebild Cetus)
- IC 405 (diffusen Niwwel)
- IC 418 (Spirograph-Niwwel)
- IC 434
- IC 1396
- IC 1459 (Galaxis am Stärebild Grus)
- IC 1613 (Galaxis am Stärebild Cetus)
- IC 1988 (Galaxis am Stärebild Fornax)
- IC 2602 (Südlech Plejaden, oppene Stärekoup am Stärebild Puppis)
- IC 4406 (Retina-Niwwel)
- IC 4553 (Galaxis am Stärebild Serpens)
- IC 4592/IC 4601 (op enger Distanz vu 400 Liichtjoer Reflektiounsniwwel am Stärebild Scorpius, deem säi Liicht vun dem véierfachen Stäresystem Nu Scorpic staamt)
- IC 4625 (Galaxis am Stärebild Ophiuchus)
- IC 4651 (Stärekoup am Stärebild Ara)
- IC 4665 (Stärekoup am Stärebild Ophiuchus)
- IC 4715 (M 24)
- IC 4725 (M 25)
- IC 4895 (irregulär Galaxis vun der Lokaler Grupp)