Emissiounsniwwel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Emissiounsniwwel ginn an der Astronomie Wolleke mat interstellarem Gas (Niwwel) bezeechent, séi selwer Liicht a verschiddenen Faarwen emittéieren. Domat ënnerscheeden si sech vun de Reflexiounsniwwelen, déi nëmmen agestrahltend Liicht reflektéieren.

D'Energiequell, déi den Niwwel zum Liichten ureegt, sinn héichenergetesch Photonen vun engem oder méi waarme Nopeschstären.

D'Stären, déi fir d'Liichte vum Emissiounsniwwel verantwortlech sinn, si meeschtens waarm, jonk Stäre vun der Spektralklass O, B oder A, well nëmme si déi noutwenneg Energie ofstrahlen kënnen. Meeschtens handelt et stch bei de Niwwelen ëm d'Iwwerreschter vun de Gaswolleken, aus deenen dës Stären entstane sinn. Déi Aart vun Emissiounsniwwele sinn heefeg en H-II-Gebitt, d. h. e Gebitt, an deem Waasserstoff ioniséiert virkënnt.

Och zu den Emissiounsniwwele gehéiere prinzipbedéngt déi planetaresch Niwwelen, bei deenen allerdéngs e waarme wäissen Zwerg, also den Iwwerrescht vun engem Stär, fir d'Liichte suergt. Hei besteet den Niwwel aus den ofgestoussene baussenzege Gasmäntel vu fréiere Stären.

D'Faarf vum Niwwel hänkt vu senger chemescher Zesummesetzung a vun der Energie vum agestralte Liicht of. Wéinst der Heefegkeet vu Waasserstoff am interstellare Gas a senger relativ niddreger Ionisatiounsenergie liichte vill Niwwele mat deem fir si charakteristesche Rout bei enger Wellelängt vu 656,2 nm. Steet nach méi Energie zur Verfügung, ass et och méiglech, datt aner Elementer ioniséiert ginn, an Niwwele mat grénger a bloer Faarf entstinn. Aus dem Spektrum vun engem Niwwel kënnen Astronomen d'Elementer bestëmmen déi dra sinn. Déi meescht Emissiounsniwwele bestinn zu 90% aus Waasserstoff, dësweideren och aus Helium, Sauerstoff, Stéckstoff an aner Elementer.

Schéi Beispiller fir Emissiounsniwwele sinn de Lagunenniwwel M 8 an den Orionniwwel M 42.

Emissiounsniwwelen enthalen dacks donkel Regiounen, wou dicht Stëbswolleken, sougenannt Donkelwolleken, kee Liicht derduerch loossen. Sou Kombinatioune vun Emissiounsniwwelen an Donkelwolleken erginn interessant a kuckeswäert Objeten.

Emissiouns- an Reflexiounsniwwel kënnen heefeg zesummen observéiert ginn a ginn heiansdo zesummegefaasst als diffusen Niwwel bezeechent. Beispiller dofir sinn den Omeganiwwel M 17 an den Trifidniwwel M 20.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Emissionsnebel – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen