Donkelniwwel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Donkelniwwel oder Donkelwollek ginn an der Astronomie grouss Wolleken vun interstellarer Matière bezeechent, déi d'Liicht vun den Objeten déi hannendru leien absorbéieren. Se sinn ze gesinn, wa se Hannergrondstären ofdonkelen oder ganz ausblenden, wéi zum Beispill de Kuelesak, oder wann se Deeler vun Emissiouns- oder Reflexiounsniwwele verdecken, wéi zum Beispill de Päerdskappniwwel.
D'Form vun Donkelniwwelen ass ganz onregelméisseg, ouni kloer definéiert Grenzen, a mat heiansdo verwéckelter Gestalt. Déi gréissten Donkelwolleke si mat bloussem A als donkel Flecke géint den hellen Hannergrond vun der Mëllechstrooss ze gesinn. De Waasserstoff kënnt an deenen onduerchsiichtege Niwwelen a Form vu Moleküle vir. Dee gréisste Niwwel vun deem Typ, sougenannte Risemolekülniwwelen (giant molecular clouds, GMC), hunn déi milliounefach Mass vun eiser Sonn. Si maachen e groussen Deel vun der Mass am interstellare Medium aus, si bis zu 150 Liichtjoer grouss, an hunn eng duerchschnëttlech Dicht vun 100 bis 300 Moleküle pro cm³ souwéi eng bannenzeg Temperatur vu nëmme 7 bis 15 K.
Molekülniwwele bestinn haaptsächlech aus Gas a Stëbs, kënnen awer och eng grouss Zuel vu Stären aschléissen. D'Niwwelzentre sinn am visuelle Liicht net ze gesinn, kënnen awer duerch Mikrowellestralung vun hire Moleküle festgestallt ginn. Déi Art vu Stralung gëtt net vum Stëbs absorbéiert a kann aus dem Niwwel austrieden. D'Niwwelmaterial weist Verdichtungsgebidder vu verschiddene Gréissten un, vu Stäremasse bis zu Liichtjoer groussen Objeten. D'Niwwelen hunn ee bannenzegt Magnéitfeld, dat géint hir Eegegravitatioun wierkt.
Et gëtt ugeholl, datt am Kär vun den Donkelniwwelen mat enger héijer Dicht, de sougenannten Globulen, Stären entstinn.
GMCë spillen eng wichteg Roll an der Dynamik vun der Galaxis: Wann e Stär no laanscht en Niwwel zitt, suergt hir Unzéiungskraaft fir eng Perturbatioun vu sengem Orbit. No e puer Rendez-vouse vun där Aart huet e Stär vu mëttlerem Alter signifikant Vitessekomponenten a verschiddene Richtungen, amplaz vun engem bal kreesfërmegen Orbit vun engem nei entstanene Stär (jonk Stären hunn deeselwechten Orbit wéi d'GMCen, an deene si entstane sinn). Dat verschaaft den Astronomen e weidert Instrument fir d'Altersbestëmmung vu Stären an hëlleft, déi observéiert Déckt vun der galaktescher Scheif ze erklären.
D'Natur vun den Donkelniwwele gouf vum Astronom Edward Emerson Barnard entdeckt. An deem no him genannte Barnard-Katalog sinn iwwer 300 Donkelniwwele verzeechent. Sou huet beispillsweis de bekannte Päerdskappniwwel d'Katalognummer B 33.