Globulen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Globule am H-II-Gebitt IC 2944 opgeholl mat der Wide Field and Planetary Camera 2 vum Hubble-Weltraumteleskop.
Globule sinn an der Astronomie raimlech enk begrenzte Stëbs- a Gaswolleken, déi meeschtens a Stäregebuertsgebidder ze fanne sinn. Globule weise sech als donkel Flecken virun dem Hannergrond vun engem Emissiounsniwwel oder virun dem Hannergrond vu Stären. Si goufe vum Bart Bok 1947 als ee Fréistadium vun der Stäregenesis virgeschloen a gi geleeëntlech och no him als Bok-Globulen bezeechent. Héichopléisend Observatiounen, zum Beispill duerch den Hubble-Weltraumteleskop ënnermaueren déi Meenung. Am Globulkär verdichte sech eenzele Beräicher ëmmer weider, bis si genuch Mass fir eng Kärfusioun ugesammelt hunn.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
- (en) Press Release vun der ESO zu de Globule
- (en) Press Release vun der NASA iwwer Thackerays Globulen, inkl. Link op e Wëssenschaftsartikel
| Commons: Bok globule – Biller, Videoen oder Audiodateien |