Reflexiounsniwwel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Barnards Merope Niwwel (IC 349), e Reflexiounsniwwel an de Plejaden
Foto: NASA

Mat Reflexiounsniwwel bezeechent een an der Astronomie Wolleke mat interstellarem Stëbs (Niwwel), déi d'Liicht vun engem oder méi Nopeschstäre reflektéieren.

D'Stäre sinn dobäi net waarm genuch, fir d'Material ze ioniséieren, wéi dëst bei Emissiounsniwwelen de Fall ass, bewierken also keen Eegeliichten vum Niwwel. Dogéint gëtt d'Stäreliicht duerch déi mikroskopesch Niwwelpartikel gestreet, wouduerch den Niwwel selwer iwwerhaapt eréischt fir eis siichtbar gëtt; d'Spektrum vum Reflexiounsniwwels gläicht dofir deem vun den ustrahlenden Stäre. Ënnert den Niwwelpartikelen befannen sech vill Kuelestoffverbindungen (u. a. Diamantestëbs), awer och aner Elementer, besonnesch Eisen an Néckel. De Néckel riicht sech heefeg no dem galaktesche Magnéitfeld aus a bewierkt doduerch eng liicht Polarisatioun vum Streeliicht (Kaler, 1998). D'Ënnerscheedung vun de béiden Niwweltypen geet op den Edwin Hubble zréck (1922).

Reflexiounsniwwel erschéngen meeschtens blo, well blot Liicht méi staark gestreet gëtt wéi roudes (en ähnlechen Effekt suergt fir déi blo Faarf vum Himmel).

Reflexiouns- an Emissiounsniwwel kënnen heefeg zesummen observéiert ginn a ginn munchmol zesummegefaasst als diffusen Niwwel bezeechent. Beispiller dofir sinn den Omeganiwwel M 17 an den Orionniwwel M 42.

Ronn 500 Reflexiounsniwwele sinn bis elo bekannt. Besonnesch grandios sinn déi bloelzeg Reflexiounsniwwelen, ronderëm d'Stäre vun de Plejaden M 45. Och blo erschéngt den Trifidniwwel M 20. De roude Ris Antares ass ëmginn vun dem grousse roude Reflexiounsniwwel Ced 132.

Am Joer 1922 publizéiert den Hubble d'Resultater vun sengen Ënnersich vu Gasniwwelen (bright nebulae). En Deel vun dëser Aarbecht ass das hubblescht Liichtstärkegesetz fir d'Reflexiounsniwwel (Hubble luminosity law for reflection nebulae), dat e Bezuch tëschent der visueller Gréisst R vum Niwwel an der visueller Magnitude m vum assoziéierte Stär hierstellt:

5 log (R) = -m + k ,

woubäi k eng Konstante ass, déi vun der Empfindlechkeet vun den Miessinstrumenter ofhängt.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Literatur [änneren]

  • James B. Kaler: Kosmische Wolken. Materie-Kreisläufe in der Milchstraße. Spektrum Akademischer Verlag, 1998.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Reflexionsnebel – Biller, Videoen oder Audiodateien