Omeganiwwel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Date vum Omeganiwwel
Messier 17: den Omeganiwwel oder Schwanenniwwel
Objettyp Emissiounsniwwel (Typ H-II)
Stärebild Sagittarius (Sgr)
Positioun (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 18h 20m 48,00s
Deklinatioun -16° 11' 00,0"
Ausgesinn
Visuell Magnitude +6,00 mag
Wénkelduerchmiesser 11,0'
Physikalesch Daten
Gehéiert zum Sagittarius-Carina Arm (Mëllechstrooss)
Distanz ca. 5.000 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet -7,0M
Absoluten Duerchmiesser ca. 40 Liichtjoer
Radial Vitesse  
Katalogbezeechnungen
Messier 17, NGC 6618

Den Omeganiwwel (och mat Messier 17 oder NGC 6618 bezeechent, seelen och Schwanenniwwel oder Houfeisenniwwel) ass en Emissiounsniwwel am Norddeel vum Stärebild Sagittarius. En huet eng visuell Magnitude vu +6,00 mag an en Duerchmiesser vun 11'.

Hie gëtt duerch d'Strahlung vun den bannenzege jonke Stären zum liichten ugereegt a liicht an engem roude bis pinke Faarftoun. E läit am Sagittarius-Arm, engem niwwelräiche Stäregebuertsgebitt, an erstreckt sech am siichtbare Beräich iwwer 15 Liichtjoer. D'Materienusammlung dogéint erstreckt sech wäitaus weider iwwer 40 Liichtjoer am Duerchmiesser. Et entstinn ëmmer nach Stären an dësem H-II-Gebitt, wat och déi jonk 35 Stäre weisen, déi am Kugelstärekoup bannen am Niwwel verstoppt sinn. Den Niwwel ëmfaasst ronn 800 Sonnemassen.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]

Commons: Messier 17 – Biller, Videoen oder Audiodateien