Messier 6

Vu Wikipedia
Messier 6
Päiperlekskoup
Der Päiperlekskoup Messier 6 Amateurfoto
.
Stärebild Scorpius (Sco)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 17h 40m 18s
Deklinatioun −32° 12′
Ausgesinn
Visuell Magnitude +4,2 magm
Wénkelduerchmiesser 33'
Stären zirka 80
Hellste Stär BM Scorpii, +6,17m
Physikalesch Donnéeën
Distanz   zirka 1.600 Lj.(Lj)
Absolutten Duerchmiesser  zirka 12 Lj
Alter  zirka 100 Mio.
Geschicht
Entdecker  G. B. Hodierna
Entdeckungsdatum  1654
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  6
NGC  6405
C   1736-321
GC  4318
h  3699
ESO  455-SC030
Cr  341
Lund  769
Mel  178

De Messier 6 (och als NGC 6405 bezeechent) ass e 4,2 mag hellen oppene Stärekoup am Ostdeel vum Stärebild Scorpius, nërdlech vum Stär Lesath. De Stärekoup huet eng visuell Ausdeenung vun 33' an ass ronn 1.600 Liichtjoer vun der Äerd ewech. De Messier 6 war schonn an der Antiquitéit bekannt a gëtt heiansdo och Päiperlekskoup genannt. Hien ass a Mëtteleuropa schwéier ze gesinn, awer a südleche Breeten ass et en opfällegen Objet.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den oppene Stärekoup gouf an der Zäit viru 1654 vum italieeneschen Astronom Giovanni Battista Hodierna entdeckt. Et gëtt ugeholl, datt schonn de Claudius Ptolemäus de Messier 6 bei der Observatioun vum Messier 7 gesi konnt hunn. Dat ass awer net sécher. Onofhängeg dovun observéiert 1745 oder 1746 de Schwäizer Jean-Philippe de Chéseaux de Messier 6. Beim Nicolas-Louis de Lacaille krut hien d'Bezeechnung Lac III 12. Hien hat de Stärekoup 1752 um Kap vun der Gudder Hoffnung observéiert. De Charles Messier huet de Stärekoup den 23. Mee 1764 obsevéiert an huet en als Nummer 6 a säi Katalog agedroen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 6 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie

Kaart vum Stärebild Scorpius. Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer. M6 ass Mëtt lénks ze fannen.