Charles Messier

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Charles Messier

De Charles Messier, gebuer de 26. Juni 1730 zu Badonviller a Loutrengen a gestuerwen den 12. Abrëll 1817 zu Paräis war e franséischen Astronom.

Sai Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Messier seng Famill koum aus aarme Verhältnesser. Mat 21 Joer goung hien op Paräis an ass vum Nicholas Delisle (Astronom vun der Marine) ugestallt ginn. Schonn am Joer 1744 ass säin Intressi un der Astronomie gewuess, nodeem hien de grousse sechs-schwänzege Koméit Klinkenberg gesinn hat. 1754 gouf hie Sekretär bei der Marine, wou hien ënner anerem och huet misse Kaarten zeechnen. Den Delisle huet him d'Grondwësse vun der Astronomie ginn an huet en dozou ugehalen, vu sämtlechen Observatiounen genee Positiounsdaten ze maachen. Vu 1764 un huet hie sech dann haaptsächlech mat der Sich no Koméite beschäftegt. Hien huet mat Fachleit an England, Däitschland a Russland korrespondéiert.

Am Joer 1771 gouf de Messier (endlech) Astronom vun der Marine – an domat Nofolger vum Delisle. 1781 war hie béis gefall an hat schwéier Verletzungen dovu gedroen, vun deenen hie sech ganz lues erholl huet. Während der Franséischer Revolutioun huet hie seng Plaz verluer an ass veraarmt. 1796 huet de Messier eng Ustellung am Bureau des Longitudes kritt. Am Joer 1806 huet den Napoléon him d'Kräiz vun der Éierelegioun ugespéngelt. De leschte Koméit, deen hien nach gesinn huet, war de Koméit vun 1807. 1815 hat hien e Schlag, an zwee Joer méi spéit ass hien am Alter vu 87 Joer gestuerwen.

Seng Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

1759 huet hien am Optrag vum Delisle de Koméit Halley gesicht a fonnt. 1761 huet hien de Venusduerchgank observéiert an dräi Joer méi spéit mécht hien eng Neientdeckung vun engem Koméit. Bis zum Joer 1801 entdeckt hien 20 Koméiten, dovun 13 eleng, souwéi 6 Stéck zesumme mat aneren Astronomen.

Op der Sich no neie Koméiten ass de Messier op eng Villzuel vun aneren Objete, wéi Galaxien, Stärekéip oder Niwwel gestouss. Déi éischt vun dëse Formatiounen, déi spéider Messier 1 oder M1 genannt gouf, hat hie scho 1758 gesinn. Fir seng Aarbecht méi einfach ze maachen, huet hie geziilt no weideren Exemplare gesicht. Dobäi huet hie Kataloge vum Edmond Halley, Nicolas Louis de Lacaille, Jacopo Filippo Maraldi a Jean-Baptiste Le Gentil benotzt.

Dunn huet de Messier déi Objeten (am Ufank nëmme 45 Stéck) an deem no him benannte Messier-Katalog opgelëscht. Déi éischt Versioun ass 1771 verëffentlecht ginn. Am Joer 1774 mécht de Jérôme Lalande, den deemools beschte franséischen Astronom, hie mam Pierre Méchain bekannt. Eng gutt Zesummenaarbecht huet ugefaangen.

Schonn 1780 war de Katalog op 68 Objete gewuess. Am September 1782 entdeckt de Méchain den 107. Messier-Objet. Vun do un hält de Messier op no weideren Niwwelen ze sichen an e konzentréiert sech nees op d'Koméiten, wahrscheinlech well de Wilhelm Herschel mat sengem groussen Instrument seng Observatioun ugefaangen hat. Déi lescht Versioun vu sengem Katalog gouf 1781 an der Connaissance des Temps fir d'Joer 1784 verëffentlecht.

De Messier huet eng ganz Rei vun ënnerschiddlechen Teleskopen, dorënner Refraktere mat Brennwäite bis zu 7 m (Ëffnung onbekannt) a Reflektere mat Spigelduerchmiesser bis zu 20 cm benotzt.

De Messier war Member vu ville Wëssenschaftsakademien, dorënner déi an England, Däitschland, Frankräich a Russland.

Dem Messier zu Éiere gouf e Moundkrater souwéi en Asteroid benannt.

Koméitelëscht vum Messier[änneren | Quelltext änneren]

  • Koméit Halley: Januar, 1759 (Koentdeckung)
  • en net no him benannte Koméit: August 1758 (Den Delisle huet d'Verëffentlechung ënnerbonnen)
  • Koméit “1759 II Messier”: Januar 1759
  • Koentdeckung “1759 III”, bekannt als de „Grousse Koméit vu 1760“: Januar 1759
  • Koméit “1763 (Messier)”: September 1763
  • Koméit “1764 Messier”: Januar 1764
  • weider Entdeckung: Mäerz 1766
  • Koentdeckung “1766 II Helfenzrieder”: Abrëll 1766
  • Koméit “1769 Messier”: August 1769
  • “Comet Lexell”: Juni 1770 (benannt nom Berechner vun de Bunndaten, Anders Johan Lexell)
  • Koentdeckung vum „Grousse Koméit vu 1771“: Januar 1771
  • Koméit “1771 Messier“: Abrëll 1771
  • weider Entdeckung: Oktober 1773
  • Koentdeckung “1779 Bode”: Januar 1779
  • Koméit “1780 I Messier”: Oktober 1780
  • Koméit “1785 I Messier-Méchain”: Januar 1785
  • weider Entdeckungen am November 1788, September 1793 an Abrëll 1798
  • an zum Schluss d'Koentdeckung vum Koméit „1801 Pons“: Juli 1801

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Charles Messier – Biller, Videoen oder Audiodateien