Messier 44
De Messier 44, M 44 oder Praesepe (lat. fir Krëpp) gëtt an der Astronomie deen Oppene Stärekoup genannt, deen owes um Wanter- a Fréijoershimmel schonns mat bloussem A als klengen Niwwelfleck ze gesinn ass. Déi himmlesch Fudderkrëpp, eng Aart Schimmer tëschent zwéi Stären am Stärebild Cancer, huet fréier och emol fir kuerzfristeg Wiederprognose hiergehalen, well si bei Cirrus-Wolleken net ze gesi waren.
Dëse Stärekoup (och M 44 nom Messier-Katalog) ass den drëtthellste vu senger Aart a fält op senger Positioun op, well et am Cancer keng méi hell Stären ewéi 4. Gréissteklass gëtt. Hie läit eppes westlech vun enger geduechter Linn vun den zwéi Stären γ Cnc an δ Cnc, déi och Asellus Borealis an Asellus Australis genannt ginn (nërdlechen a südlechen Iesel) an déngt den zwee Laaschtdéieren vun der griichescher Mythologie als Fudderkrëpp. Am Präsepe sinn iwwer 300 Stären an de Gréisseklassen tëschent 6m an 12m.
D'Nopeschstärebiller vum Cancer sinn déi opfälleg Stärebiller vu Gemini an dem Leo. De Planéit Saturn ass 2005/06 ziimlech no beim Präsepe laanscht gezunn.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Messier 44 – Biller, Videoen oder Audiodateien |