Messier 101

Vu Wikipedia
Messier 101
Pinwheel-Galaxis
Foto vun der Spiralgalaxis Messier 101 opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Ursa Major (UMa)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 14h3m12.51s
Deklinatioun +54°20′53.1″
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SAB(rs)cd
Visuell Magnitude 7,5 magm
Wénkelduerchmiesser 28.8/26.9
Physikalesch Donnéeën
Distanz   27 Mio. Lj.(Lj)
Radialvitess  (+241 ± 2)
Absolutten Duerchmiesser  170.000 Lj
Geschicht
Entdecker  Pierre Méchain
Entdeckungsdatum  27. Mäerz 1781
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
M  101
NGC  5457
PGC  50063
Arp  26
UGC  8981
MCG  +9-23-28
GC  3770
h  1744
IRAS  14013+5435

De Messier 101 (och als NGC 5457, Pinwheel-Galaxis oder Feierrad-Galaxis bezeechent) ass eng Spiralgalaxis mat enger Gréisst vun 28,8' × 26,9' an enger visueller Magnitude vu 7,5 mag am Stärebild Ursa Major. Hir Distanz zu eiser Sonn ass 27 Millioune Liichtjoer, hiren Duerchmiesser ass 170.000 Lj.

Zu der Messier 101-Grupp gehéiere fënnef prominent Begleetgalaxien: NGC 5204, NGC 5474, NGC 5477, NGC 5585 an Holmberg IV[1].

Observatiounsgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Messier 101 gouf de 27. Mäerz 1781 vum franséischen Astronom Pierre Méchain entdeckt.

Den 28. Februar 2006 hunn d'NASA an ESA en imponéierend Bild publizéiert, dat gréisst an detailléiertst Bild vun enger Galaxis, dat mat Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop gemaach gouf[2]. D'Bild gouf aus iwwer 51 Fotoen zuesummegesat.

De 24. August 2011[3] gouf am M101 eng Supernova vum Typ Ia entdeckt, déi d'Bezeechnung SN 2011fe[4] krut.

Aner Biller[änneren | Quelltext änneren]

Infraroutfoto opgeholl vum SST
Ultraviolettfoto vum GALEX
Amateurastronomesch Foto vum Messier 101
M101 Foto vum Thomas Westerhoff

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Messier 101 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. engl. WP
  2. Hubblesite.org: http://hubblesite.org/newscenter/newsdesk/archive/releases/2006/10/image/a
  3. The Astronomers Telegramm: http://www.astronomerstelegram.org/?read=3581
  4. The Astronomers Telegramm: http://www.astronomerstelegram.org/?read=3597