Messier 13
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
|
Kär vum Messier 13 (Hubble-Foto)
|
|||||
| Stärebild | Hercules (Her) | ||||
| Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |||||
| Rektaszensioun | 16h 41m 41.44s | ||||
| Deklinatioun | +36° 27 36.9″ | ||||
| Ausgesinn | |||||
| Konzentratiounsklass | V | ||||
| Visuell Magnitude | 5,8magm | ||||
| Wénkelduerchmiesser | 20' | ||||
| Physikalesch Donnéeën | |||||
| Gehéiert zu | Mëllechstrooss | ||||
| Distanz | Lj.(Lj) | ||||
| Integréierte Spektraltyp | F6 | ||||
| Routverrécklung | −0,000822 ± 0,000003 | ||||
| Radialvitesse | (−246,6 ± 0,9) | ||||
| Absoluten Duerchmiesser | 145 Lj | ||||
| Geschicht | |||||
| Entdecker | Edmond Halley | ||||
| Entdeckungsdatum | 1714 | ||||
| Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |||||
| M | 13 | ||||
| NGC | 6205 | ||||
| C | 1639+365 | ||||
De Messier 13 oder M13 ass en helle Kugelstärekoup am Stärebild Hercules mat der Nummer 13 vum Messier-Katalog. Am New General Catalogue huet en d'Nummer 6205.
Et ass den hellste Kugelstärekoup um Nordhimmel a gouf schonns 1714 vum engleschen Astronom Sir Edmond Halley entdeckt. Den M 13 ass ronn 25.100 Liichtjoer vun der Sonn ewech (d'Donneeën variéieren tëschent 23.000 an 26.000 Lj), huet déi 300.000-fach Liichtkraaft vun der Sonn an en Duerchmiesser vun 150 Liichtjoer.
Den M13 huet eng visuell Magnitude vun 5,8 mag. Hie ka schonns an engem klengen Teleskop als niwwelege Fleck gesi ginn. Et fënnt een en am Beschten am Fréijoer oder Summer – an der „rietser Véierecksäit“ vum Herkules, tëschent de Stäre η an ξ Her.
Den M13 war d'Zil vum Arecibo-Botschaft-Radiosignal. Dobäi gouf vum Arecibo-Radioteleskop e staarkt Signal fortgeschéckt, fir Kontakt zu enger eventueller ausserierdescher Zivilisatioun opzehuelen. De Kugelstärekoup war ausgewielt ginn, well do vill Stären op relativ enkem Raum versammelt sinn, wat d'Chance, op eng bewunnte Welt ze treffen, erhéije sollt. Wann een awer déi laang Lafzäit vum Signal bedenkt, da misst d'Äntwert vun enger technesch entwéckelter Zivilisatioun fréiestens no ronn 45.600 Joer op der Äerd antreffen.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Messier 13 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
M 1 - M 2 - M 3 - M 4 - M 5 - M 6 - M 7 - M 8 - M 9 - M 10 - M 11 - M 12 - M 13 - M 14 - M 15 - M 16 - M 17 - M 18 - M 19 - M 20 - M 21 - M 22 - M 23 - M 24 - M 25 - M 26 - M 27 - M 28 - M 29 - M 30 - M 31 - M 32 -M 33 - M 34 - M 35 - M 36 - M 37 - M 38 - M 39 - M 40 - M 41 - M 42 - M 43 - M 44 - M 45 - M 46 - M 47 - M 48 - M 49 - M 50 - M 51 - M 52 - M 53 - M 54 - M 55 - M 56 - M 57 - M 58 - M 59 - M 60 - M 61 - M 62 - M 63 - M 64 - M 65 - M 66 - M 67 - M 68 - M 69 - M 70 - M 71 - M 72 - M 73 - M 74 - M 75 - M 76 - M 77 - M 78 - M 79 - M 80 - M 81 - M 82 - M 83 - M 84 - M 85 - M 86 - M 87 - M 88 - M 89 - M 90 - M 91 - M 92 - M 93 - M 94 - M 95 - M 96 - M 97 - M 98 - M 99 - M 100 - M 101 - M 102 - M 103 - M 104 - M 105 - M 106 - M 107 - M 108 - M 109 - M 110
NGC 6181 | NGC 6182 | NGC 6183 | NGC 6184 | NGC 6185 | NGC 6186 | NGC 6187 | NGC 6188 | NGC 6189 | NGC 6190 | NGC 6191 | NGC 6192 | NGC 6193 | NGC 6194 | NGC 6195 | NGC 6196 | NGC 6197 | NGC 6198 | NGC 6199 | NGC 6200 | NGC 6201 | NGC 6202 | NGC 6203 | NGC 6204 | NGC 6205 | NGC 6206 | NGC 6207 | NGC 6208 | NGC 6209 | NGC 6210 | NGC 6211 | NGC 6212 | NGC 6213 | NGC 6214 | NGC 6215 | NGC 6216 | NGC 6217 | NGC 6218 | NGC 6219 | NGC 6220 | NGC 6221 | NGC 6222 | NGC 6223 | NGC 6224 | NGC 6225 | NGC 6226 | NGC 6227 | NGC 6228 | NGC 6229 | NGC 6230