Radioteleskop

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Radioteleskop ass e Miessapparat, mat deem Himmelskierper observéiert ginn, déi elektromagnetesch Wellen am Spektralberäich vu Radiowellen ausstralen. Radioteleskope ginn an der Radioastronomie gebraucht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Astropeiler op dem Stockert bei Bad Münstereifel
Planetary Radar RT-70, Jewpatorija

Nodeem am Joer 1932 déi éischt ausserierdesch Radioquell vum Karl Guthe Jansky entdeckt gouf, si Radioteleskope fir d'Observatioun vum Kosmos entwéckelt ginn.

Dat éischt Radioteleskop a Parabolform gouf vum Grote Reber, Ingenieur a Funkamateur zu Wheaton, Illinois, gebaut, well dem Jansky seng Entdeckung am Ufank net vun der professioneller Astronomie beuecht gouf. An Däitschland gouf dat éischt Radioteleskop, den Astropeiler op dem Stockert bei Bad Münstereifel, 1956 opgeriicht. Zanter 1999 steet et ënner Denkmalschutz.

De Bedreiwer vun de Radar-Systemer ass opgefall, datt ëmmer wann d'Stärebild Cygnus (Schwan) um Horizont opgetaucht ass, Stéierungen a Feelmeldungen um Radar vermierkt goufen. „Verantwortlech“ dofir war d'Radioquell Cygnus A. 1946 huet eng Fuerschungsgrupp am Royal Radar Establishment zu Malvern (England), an enger klenger Regioun am Stärebild Cygnus eng intensiv Radiostralung entdeckt[1].

Technik[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Radioteleskope si parabolesch geformt Metallflächen, déi als Huelspigel gebraucht ginn, déi d'Radiowellen an enger Antenn sammelen. Déi Antenn läit am Brennpunkt vum Huelspigel. Haiteg Radioteleskope bestinn dacks aus enger Grupp vu Parabolantennen (Arrays) an enger Auswäertungsstatioun. D'Antenne vun engem Array ginn zesummegekoppelt, sou datt sech effektiv eng Antenn mat méi engem groussen Duerchmiesser ergëtt. Déi Technik kann och iwwer den Array eraus op de ganze Globus ausgedehnt ginn: Radioteleskopen déi iwwer d'ganz Äerd verdeelt sinn, kënne gläichzeitig déiselwecht Quell observéieren. Wann een hir Signaler koppelt (korreléiert), kritt een duerch d'Auswäertung vun den Interferenzen, déi aus dëser Kopplung gewonne ginn, effektiv ee Radioteleskop mat demselwechten Duerchmiesser wéi den Ofstand tëscht den Teleskopen. Doduerch kann d'Wénkelopléisung vun de Radioteleskopen immens erhéicht ginn. Radioteleskope vun haut hunn eng Opléisung, déi mat där vun opteschen Teleskope vergläichbar ass.

Typesche Radioteleskop-Array (Ryle Telescope- Interferometer, Universitéit Cambridge)

Et ënnerscheet ee bei Radioteleskopen tëscht onbeweeglechen a beweeglechen Teleskopen. Déi onbeweeglech Teleskope kënnen an der Ausriichtung net gedréit ginn, hir Parabolantenn riichte si meeschtens op de Zenit (zum Beispill d'Arecibo-Teleskop, dat fest an engem Dall opgeriicht ass). Beweeglech Radioteleskope kënne gedréit ginn, sou datt si op déi ganz Hemisphär „kucke“ kënnen.

D'Gréisst vum Radioteleskop bestëmmt awer net eleng seng Eegnung, och d'Sensibilitéit, mat där et Stralung detektéiere kann, an de Wellelängteberäich, deen et ofdecke kann, si wichteg. Während déi grouss Teleskopen nëmme Wellelängte am Meter- an Zentimeterberäich observéiere kënnen, „héiere“ kleng Teleskopen, wéi den 30-m-Teleskop vum Institut fir Radioastronomie am Millimeterberäich (IRAM) a Spuenien, den 3-m-Teleskop KOSMA an der Schwäiz am Millimeterberäich oder den 12-m-Teleskop APEX (bedriwwen an der chilenescher Atacama-Wüst vum Max-Planck-Institut fir Radioastronomie, Millimeter- a Submillimeterwellen) a méi kuerze Wellelängteberäicher.

Nieft der Observatioun vun Himmelsobjeten, gi Radioteleskopen och benotzt, fir Date vu Raumsonden opzehuelen oder Befehler un déi ze schécken oder fir no ausserierdeschen Intelligenzen ze sichen (Kuckt Projet SETI).

Grouss Anlagen[änneren | Quelltext änneren]

Very Large Array, New Mexico

Déi gréisst Radioteleskope vun der Welt sinn de russesche RATAN 600 bei Selentschukskaja (Republik Karatschai-Tscherkessien), an den Arecibo-Observatoire bei Arecibo. Dat gréisst däitsch (a weltwäit zweetgréisst beweeglecht) Radioteleskop ass d'Radioteleskop Effelsberg an engem Dall bei Effelsberg an der Äifel, e beweeglecht Teleskop mat 100 m Duerchmiesser, dat vum Max-Planck-Institut fir Radioastronomie vu Bonn bedriwwe gëtt. Dat gréisst beweeglecht Radioteleskop vun der Welt ass d' 100 x 110 m grousst Robert C. Byrd Green Bank Telescope vum Green-Bank-Observatoire a West Virginia, USA.

Dat gréisst Radioteleskop fir Millimeterwellen ass dat 50 m grousst Large Millimeter Telescope zu Puebla, Mexiko.

Ee vun de gréisste Radioteleskop-Arrays, de Very Large Array, steet zu Socorro, New Mexico, USA. Den Array besteet aus 27 Teleskope vu jee 25 Meter Duerchmiesser, déi an enger Y-fërmeger Konfiguratioun opgestallt sinn.

Ee weidere steet an Indien, ongeféier 80 km nërdlech vu Pune am Bundesstaat Maharashtra. Den Giant Metrewave Radio Telescope (GMRT) besteet aus 30 Eenzelteleskope vu jee 45 Meter Duerchmiesser, déi iwwer eng Distanz vu bis zu 25 km verstreet stinn. Et ka Miessungen a sechs verschiddene Frequenzbänn vu 50 MHz bis 1.5 GHz duerchféieren.

Zanter 2006 gëtt an Holland en neiaartegt Radioteleskop fir d'Observatioun vu Radiowellen mat niddreger Frequenz am Meterwelleberäich gebaut, Low Frequency Array (LOFAR) genannt. Bis 2009 solle ronn 10000 Antennen a ronn 40 Statioune mat enger maximaler Basislinn vu 1500 km opgebaut ginn. Déi éischt international LOFAR-Statioun schafft zanter 2007 nieft dem 100 m Teleskop vun Effelsberg. Weider Statioune sinn zanter 2008 bei Garching, Potsdam, Tautenburg, an England an a Frankräich. LOFAR ass de Prototyp fir nach méi e grousst Radioteleskop, de Square Kilometre Array (SKA).

E wichtege Projet fir d'Recherche vum Universum, déi mat Hëllef vu Radioteleskopen duerchgefouert gëtt, ass d'HIPASS. Dobäi gëtt distanzsensitiv nom Beräich vu Waasserstoff als Indikator fir Galaxië gesicht. De Beräich vun der Südhemisphär ass schonn ofgeschloss. Déi meescht Date goufe mam Parkes-Radioteleskops (Australien) ermëttelt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Radioteleskopen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]