Goldstone Deep Space Communications Complex

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
70-Meter-Antenn am Goldstone Deep Space Complex

De Goldstone Deep Space Communications Complex (GDSCC), och Goldstone Observatory genannt, ass eng Antennen-Anlag an der Mojave-Wüst am Süde vu Kalifornien, USA, 60 Kilometer nërdlech vu Barstow.

D'Antennenanlag ass en Deel vum Deep Space Network (DSN), engem weltëmspanenden Netzwierk vu Radioantennen, dat den Jet Propulsion Laboratory fir d'NASA fir d'Kommunikatioun mat Raumsonden a Satellitten souwéi fir radio- a radarastronomesch Fuerschungszwecker bedreift. Zwou weider Anlage sinn de Madrid Deep Space Communications Complex a Spuenien an de Canberra Deep Space Communication Complex an Australien.

Déi éischt Parabolantenn zu Goldstone gouf 1966 a Betrib geholl a war déi éischt vum DSN. Hire Parabolspigel gouf Enn vun den 80er Jore vu 64 op 70 Meter Duerchmiesser vergréissert, fir e besseren Datenempfang vun der Raumsond Voyager 2 während hirem Passage bei dem baussenzege Planéit Neptun ze kréien. Ufank vun de 1990er Jore gouf de Goldstone Observatory och fir de Sichprogramm SETI gebraucht.[1] Enn 2010 huet d'Anlag, no Moderniséierungsaarbechten, de Regelbetrib nees opgeholl.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Goldstone Deep Space Communications Complex – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Status of the NASA SETI Sky Survey microwave observing project Abstract@sciencedirect.com, ; A signal detection strategy for the SETI All Sky Survey abstract@ntrs.nasa.gov, ofgeruff den 23. Juli 2010
  2. FlugRevue Januar 2011, S.76, Goldstone ist wieder fit