Atacama Cosmology Telescope

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bléck vum Cerro Toco-Hank
Den ACT am Bau 2007

Den Atacama Cosmology Telescope ACT ass e Radioteleskop fir d’Ënnersich vum kosmeschen Mikrowellenhannergrond (CMB).

Den ACT ass e 6-m-Teleskop[1] an enger Héicht vun 5148 m am Cerro Toco an der Atacama-Wüst an Nordchile. Teleskop an Instrumenter sinn ausgeluecht fir Ënnersich vun den Onregelméissegkeete vum kosmeschen Mikrowellenhannergrond an fir d’Entdeckung vun Galaxiekéip duerch hir vum Sunjajew-Seldowitsch-Effet erreechte lokal Verännerung vum Mikrowellenhannergrond. Zesumme mat Folgeobservatioune kënnt d’Entdeckung vu villr Galaxiekéip zu der Verständlegkeet vun der Strukturentwécklung am Universum an der Donkler Energie bäidroen.

Am Joer 2007 goung alles a Betrib. D’Haaptinstrument ass eng Bolometerkamera (Millimeter Bolometer Array Camera, MBAC) mat neiartege supraleedende Transition Edge Sensore fir dräi Frequenze tëschent 145 GHz an 280 GHz. ACT gëtt zesumme vu 17 Institutioune aus den USA (ënner anerem vun der Princeton Universitéit), Kanada, Mexiko, Chile, Südafrika an Groussbritannien gebaut an betriwwen an haaptsächlech vun der National Science Foundation finanzéiert. Gebaut gouf d’Teleskop vun Dynamic Structures aus Vancouver.

Den CMB gëtt mat enger Opléisung vu milliounstel Grad vermiess an enger Wénkelopléisung am Bouminutte Beräich.


Éischt Resultater goufen 2010 publizéiert[2] an et goufen Gravitatiounslënseneffete observéiert[3] an éischt Hiweiser op Donkel Matière alleng aus dem CMB[4]

Ähnlech Ziler verfollegt och den South Pole Telescope, dat am Joer 2007 säin first light gesinn hat.

Inhaltsverzeechnes

Literatur[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Referenzen[änneren]

Kuckt och[änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie