Chile

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
República de Chile
Flag of Chile.svg Coat of arms of Chile.svg
(Detailer) (Detailer)
National Devise: Por la Razón o la Fuerza
(sp. fir: "Duerch Verstënnegsinn oder Kraaft")
LocationChile.png
Offiziell Sprooch: Spuenesch
Haaptstad:
 Awunnerzuel:
Santiago de Chile
 5.428.590 (2002)
':
President: Sebastián Piñera
Fläch: 756.096 km² km²
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Bevëlkerungsdicht:
Op 60. Plaz
16.134.219 (2006, geschat)
21,31/km²
Onofhängegkeet: Onofhängegkeet vu Spuenien
12. Februar 1825 unerkannt
Nationalfeierdag: 18. September
Währung: Peso chileno
Zäitzon: UTCam Wanter -4
am Summer -3
Nationalhymn: Puro, Chile
Internet TLD: ..cl
International Virwal: +56

D'Republik Chile (República de Chile) ass en onofhängege Staat am Südweste vu Südamerika. D'Haaptstad ass Santiago de Chile.

D'Land grenzt am Norden u Peru, am Westen un de Pazifik, am Süden un de Paso Drake, am Nordosten u Bolivien an am Osten un Argentinien. Zum Chile gehéieren nach verschidden Inselen am Pazifik, wéi den Archipel Juan Fernández an d'Ouschterinsel (Isla de Pascua), déi geographesch a Polinesie läit.

De Chile huet eng Fläch vun 756.950 km². Dozou kënnt nach eng Zon an der Antarktis vun 1.250.000 km², den Antarktesche Chileneschen Territoire (Territorio Chileno Antártico).

Chile konsidéierert sech als e Dräikontinentalt-Land.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vu Chile

Scho virun 13.000 Joer v.Chr. hunn déi éischt Mënschen am haitege Chile gewunnt. Bis datt d'Spuenier d'Land eruerwert haten huet et zum Inkaräich gehéiert.

1520 huet de Portuguis Ferdinand Magellan d'Magallanstrooss, déi un der Südspëtz vu Chile läit, entdeckt.

1535 koumen di nächst Europäer an den Chile fir no Gold ze sichen. Di éischt gegrënnte Siedlung war Santiago am Joer 1541. Seit 1542 war Chile du Bestanddeel vum spuenesche Vizekinnekräich Peru.

Südlich vom Río Bío Bío hunn allerdéngs d'Mapuche, en indigene Vollekstamm, sech géint di spuenesch Eruewerung gewiert. Am Ufank hate si Erfolleg an hunn nach nom Friddenskontrakt mat Spuenien vu 1647 vill Stied vun de Spuenier zerstéiert.

Am 16. Joerhonnert hunn och vill Äerdbiewen, Vulkanausbrëch an Tsunamien d'Entwécklung vum Land staark behënnert. Ausserdem waren d'Küstestied och permanent dem Ugrëff vu Piraten ausgesat.

1609 gouf d'Generalkapitanat Chile gegrënnt, war awer ofhängeg vum Vizekinnekräich Peru. 1778 gouf Chile dunn zum eegestännege Generalkapitanat mat Handelsfräiheet bannent dem spuenesche Kinnekräich.

Wéi dem Napoléon säi Brudder Joseph a Spuenien 1808 regéiert huet, gouf den Drang no Onofhännegkeet ëmmer méi grouss.

Den 18. September 1810 gouf eng Junta an d'Liewe geruff, duerch déi den Chile eng autonom Provënz bannent dem spuenesche Kinnekräich ginn ass. Dësen Datum gëtt am Chile als den Ufank vun der Onofhängegkeet gefeiert. E besse méi spéit erkläert Chile seng total Eegestännegkeet vu Spuenien an der Monarchie.

1814, nom spueneschen Onofhängefkeestskrich, huet Spuenien erëm d'Muecht am Chile iwwerholl.

No sëllege Schluechten, huet Chile de 17. September 1865 Spuenien de Krich erkläert. Dëst war de Spuenesch-Südamerikanesche Krich.

De 5. Dezember 1865 huet Peru sech mat Chile géint déi gemeinsam Feinden zesummegedoen.

Di spuenesch Herrschaft goung 1866 praktesch zu Enn. De Konflikt mat Spuenien konnt awer eréischt an de Kontrakter vu 1871 an 1883 endgülteg geléist ginn.

[änneren] Geographie

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geographie vun Chile

Topographesch Kaart vun Chile

[änneren] Physesch Geographie

Chile läit um südamerikanesche Kontinent an erstreckt sech iwwert eng Längt vun 4.200 Kilometer vun Norden no Süden laanscht de Pazifik op der enger an den Anden op der anerer Säit. D'Breet vum Land huet nëmmen ca. 180 km. Di schmuelste Plaz huet 90 km, an di breetsten 240 km.

Chile léisst sech an dräi Regiounen andeelen: am Osten d'Anden, den Iwwergangsberäich mat der Pampa del Tamarugal an der Valle Longitudinal an d'Küsteregioun Cordillera de la Costa.

Di chilenesch Anden bilden eng vun den héchste Biergkette vun der Welt. Eng sëllege Bierge sinn iwwer 6.000 m héich. Den héchste Bierg vum Land ass den Ojos del Salado mat 6.880 m. Dëst ass gläichzäiteg den héchste Vulkan op der Welt. Duerch di besonneg Struktur vum Land ginn et hei keng ganz laang Flëss. De längsten ass den mat 443 km. Grouss a landschaftlech di schéinste Séier am Chile erstrecke sech südöstlech vun der Stadt Temuco bis op Puerto Montt. Bekannteste Salzséi ass de Salar de Atacama (3.000 km²).

[änneren] Klima

Chile huet eng grouss Villfalt u Klima- a Vegetatiounszonen. Dëst kënnt duerch déi 39 Breedegrade iwwert déi d'Land ausgedehnt ass. Et erstreckt sech tëscht de Breedegraden 17° 3' S an 56° 30' S. D'Land léisst sech klimatesch an dräi Zonen andeelen: Nord-, Mëttel- a Südchile. Dee gréissten Deel vum Norde läit an der Wüst. Am Mëttelchile herrscht e Klima wéi um Mëttelmier. Am Süden dogéint fält ganz vill Reen.

Insgesamt gëtt d'Klima staark duerch den Humboldt-Mieresstroum laanscht d'Küst beaflosst. Dëse fléisst vum Süden no Norden an transportéiert kaalt Mierwaasser aus der Antarktis.

Ongeféier all 7 Joer schléit hei och den El-Niño zu a bewierkt vill Nidderschléi.

[änneren] Bevëlkerung

D'Halschent vun der Bevëlkerung lieft am Groussraum Santiago de Chile, dorënner een Drëttel, also ongeféier 5,5 Milliounen, an der Haaptstad selwer. 100 km westlech vu Santiago läit d'Stad Valparaíso mat ca. 1 Millioun Awunner.

A de Gebidder Richtung Norden a Richtung Süden wunnen ëmmer manner Léit. Dëst ass bedéngt duerch di ongënschteg Klimabedéngungen.

90 % vun den Chilenen hunn europäesch Virfahren oder si Mestizen, woubäi bei de leschten 50 % vun de Mapuchen ofstamen.

[änneren] Relioun

Zënter 1925 ass d'Kierch an de Staat getrennt.
Gréisste Relioun ass di réimesch-kathoulesch Kierch mat 70 % vun de Leit. Di 920 Pare ginn a 5 Kiercheprovënzen mat 26 Bistümer agedeelt. Ronn 10 % vun den Chilene si protestantesch. De Rescht verdeelt sech op indianesch Schamanismus, Mormonen an aner Minoritéiten.

[änneren] Sprooch

D'offiziell Sprooch ass Kastellanesch. Aner international Sprooche gi ganz wéineg geschwat. Déi bekanntesten indigen Sprooch ass Mapudungun. Dës Sprooch gëtt haaptsächlech vun den Mapuchen am Süde geschwat. Donieft ass och nach Quechua an Aymara an Nordchile a Rapa Nui op der Ouschterinsel verbreet.

[änneren] Economie

[änneren] Politik

Mapa administrativo de Chile.png

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Politik a Chile

D'Republik Chile ass eng Presidialrepublik mat verschiddenen autonomen Institutiounen.

D'Konstitutioun gouf 1980 vun der Militärregierung ënner dem Augusto Pinochet ausgeschafft an duerno mat engem Referendum, ënnert groussem Drock an ouni demokratesch Kriterien, mat 67 % ugeholl.

De President, an zugläich och Regierungschef, gëtt fir eng Period vu 6 Joer gewielt. Dësen ernennt d'Ministeren, d'Subsekretären an Regionalintendanten.

Kuckt och d'Lëscht vun de Presidente vun Chile.

D'Legislative (Congreso Nacional) besteet aus zwou Chamberen: d'Chamber des Députés (Cámara de Diputados) an de Senat (Senado).

Di héchste richterlech Kraaft am Chile ass den ieweschter Gerichtshaff (Corte Suprema de Justicia). Et ass e Kollegialgericht mit 21 Richteren.

[änneren] Kultur

[änneren] Weltierfschafte vun der UNESCO am Chile

D'UNESCO huet bis elo 3 Plazen am Chile op d'Lëscht vun der Weltkulturierfschaft gesat.

Zur Weltnaturierfschaft goufen erkläert:

[änneren] Fauna a Flora

[änneren] Biosphärereservater am Chile

D'UNESCO erkläert am Ganzen 8 Gebidder am Chile zu Biosphärenreservater.

[änneren] Infrastruktur

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Chile – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen