Tsunami
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Tsunami (jap.: 津波, Hafenwell; aus 津, tsu, Hafen, an 波, nami, Well) ass eng Serie vu Welle mat extrem grousse Volumen, déi sech extrem séier fortbeweegen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Wéi Tsunamien entstinn
Äerdbiewen, Vulkanausbréch an aner Ënnerwaaserexplosiounen, Äerdrutscher an Asteroidenaschléi kënnen een Tsunami ausléisen. Tsunamien entstinn zu 79% am Pazifik.
Um oppene Mier ginn Tsunamie kaum bemierkt, mee a Küstegéigenden kënne se katastrophale Schued urriichten a ganz Küsten zerstéieren.
De Begreff "Tsunami" kënnt aus dem Japaneschen a gouf vun de Fëscher gebraucht, déi vum Fëschfang nees heem koumen an am Hafen alles verwüst virfonnt hunn, obwuel si um Mier näischt an Uecht geholl haten. Dat läit dorun, datt Japan eng "Tiefseesteilküste" huet, wouduerch sech Risewellen eréischt kuerz virun der Côte bilden, an esou iwwer d'Hafemauer schloen, wou se d'Schëffer versenkt hunn.
Nëmmen 1 % vun den Äerdbiewe vun 1860 bis 1948 hu miessbar Tsunamien ausgeléist, mee well sech déi liicht Äerderschütterungen iwwer d'Waasser ausbreede kënnen, maachen se méi e grousse Schued wéi bei gläichstaarke Biewen u Land.
[änneren] Ausbreedung
Tsunamien ënnerscheede sech fundamental vu Wellen, déi duerch Stierm entstinn, well bei deene kann d'Waasser zwar bis zu 30 Meter héich opgeworf ginn, mee déi méi déif Waasserschichte bleiwen dobäi onbeweegt. Bei engem Tsunami dergéint beweegt sech de ganze Waasservolume, also déi ganz Waassersail vum Mieresgrond bis un d'Surface.
[änneren] Vitesse
D'Vitesse vun engem Tsunami hänkt ëmmer vun der Déift vum Mier of: wat d'Mier méi déif ass, wat den Tsunami méi séier, méi flaach a méi lues ass. D'Ausbreedungsgeschwindegkeet ass an Ozeanen (bei enger Waaserdéift vun ca. 5000 m) ëm déi 800 km/h. Dat ass sou séier wéi e Fliger. Tsunamie kënnen bannent e puer Stonne ganz Ozeaner duerchquieren a sech bis zu 20.000 km ausbreeden ouni irgendwéi bemierkt ze ginn. Am Verglach dozou läit bei deene vum Wand erschaafte Wellen d'Vitesse bei 8 bis 100 km/h. Bei niddreger Waasserdéift, also an der Géigend vun den Küsten, gëtt den Tsunami méi lues. Doduerch hëllt och seng Wellelängt of, wat mat sech bréngt, datt d'Wellenhéicht zouhëlt, an d'Well sech schliisslech brécht.
[änneren] Gefor a Sécherheet
Tsunamie gehéieren zu de geféierlechsten Naturkatastrophe mat deenen d'Mënsche konfrontéiert kënne ginn, well e staarken Tsunami seng destruktiv Energie iwwert dausende vu Kilometere mat sech féiere kann, souguer alt iwwer de ganzen Äerdball. Wann et keng Fielse laangscht d'Küst ginn, déi géife schützen, kënne schonns dräi Meter héich Welle e puer honnert Meter déif an d'Land antrieden. De Schued gëtt nach méi grouss wann Waasser erëm offléisst.