Antarktis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lokalisatioun

D'Antarktis (oder Antarktik) ass deen am südlechste geleeëne Kontinent op der Äerd. E läit ronderëm de Südpol, ronderëm ass den Antarkteschen Ozean. D'Antarktis huet eng Fläch vu 14 Millioune km², wouvunner 98% vune enger Couche Äis bedeckt ass, déi an der Moyenne 1,6 km déck ass. Se besteet aus enger Haaptinsel an enger Rëtsch méi klengen.

D'Antarktis ass dee keelsten an dréchenste Kontinent, an dee mam meeschte Wand. Well et wéineg Nidderschlag (am Banneschte vum Kontinent an der Moyenne 20 mm am Joer) gëtt ass d'Antarktik, 'technesch' gesinn, déi gréisste Wüst op der Äerd. Et gëtt keng permanent mëschlech Sidlungen, an et gouf do och ni eng indigen mënschlech Bevëlkerung. Eenzeg déi Planzen an Déieren, déi net kriddelech géint Keelt, Luuchtmanktem an Ariditéit sinn, kënnen do iwwerleiwen, sou wéi d'Pinguinen, d'Séihënn, verschidde Fësch, Crustacéen, Mooser, Flechten an Algen.

Den Numm "Antarktis" kënnt vum ale Griicheschen ἀνταρκτικός (antarktikós), wat esouvill heescht wéi "déi aner Säit vun der Arktis". D'Arktis hirersäits ass nom griicheschen Numm vum Stärebild vum Klenge Bier (arktos = Bier) genannt ginn.

D'Antarktis huet e besonnesche Status: Duerch den Antarktis-Traité vun 1959 an de Protokoll vu Madrid vun 1991 sinn do militäresch Aktivitéite verbueden an och d'Sichen no mineralesche Buedemschätz, dees et wier fir wëssenschaftlech Zwecker. Eng 4.000 Fuerscher aus ville Länner sinn do aktiv. Well en eng Naturreserv ass, ass de Kontinent och duerch verschidde Konventiounen an Accorde geschützt, fir d'Biodiversitéit do ze erhalen.

Déi éischt Kéier, wou d'Antarktis gesi gouf, war 1820 duerch d'Equipage vun dräi Schëffer, deenen hir Kapitänen de Fabian Gottlieb von Bellingshausen (vun der Keeserlech-Russescher Marine), den Edward Bransfield (Royal Navy) an den Nathaniel Palmer (en amerikanesche Séifuerer) waren. Dat éischt attestéiert Betriede vum Kontinent war duerch den amerikanesche Séifuerer John Davis, de 7. Februar 1821, wat awer vu verschiddenen Historiker ugezweiwelt gëtt. [1] [2].

Tëscht 1895 an 1922 gouf et eng ganz Rëtsch Expeditiounen, wouvunner bei villen e wichtegt Zil war, als Éischt de Südpol ze erreechen. Deen éischten, deen dat fäerdegbruecht huet, war de Roald Amundsen, de 14. Dezember 1911. De Britt Robert Falcon Scott, koum ee Mount méi spéit, an ass um Réckwee gestuerwen. Tëscht dem 24. November 1957 an dem 2. Mäerz 1958 huet d'Fuchs-Hillary-Expeditioun et als éischt fäerdegbruecht, um Landwee queesch duerch de Kontinent ze fueren (mat engem Schnéimobil vun der Tucker Sno-cat Corporation). Dobäi gouf och d'Héicht vum Kontinent an d'Déckt vum Äis gemooss.

[änneren] Geographie

Kaart.

D'Antarktis gëtt duerch d'Transantarktesch Biergketten, déi sech tëscht dem Ross-Mier an dem Weddell-Mier erstreckt, an zwee gedeelt.

Ongeféier 90 % vum ganzen Äis op der Welt (an deemno 70 % vum Séisswaasser vun der Welt) sinn do. Géif all dat Äis schmëlzen, géif den Niveau vun d Mierer ëm 60 Meter an d'Luucht goen. Den héchste Punkt vun der Antarktis ass mat 4.892 Meter de Mount Vinson an den Ellsworth-Bierger. Den Erebus-Bierg op der Ross Insel ass deen am südlechste geleeënen aktive Vulkan op der Äerd. Et ginn och iwwer 70 Séien, déi ënnert der Äiscouche sinn ("subglaziär Séien"). An engem vun deene konnt nogewise ginn, datt et do mikrobescht Liewe géif.

Déi bis ewell niddregst (natierlech) Temperatur, déi jee gemooss gouf, war -89,2 °C, bei der russescher Fuerschungsstatioun Vostok, den 21. Juli 1983. D'Minimaltemperaturen am Wanter leie dann och bannen am Kontinent tëscht -80 °C a -90 °C an d'Maximaltemperaturen, am Summer, no bei der Küst, tëscht 5 °C a 15 °C. D'Antarktis ass deemno méi kal wéi d'Arktik, éischtens, well e groussen Deel vun hir 3 km iwwer dem Mier läit, wou et souwisou méi kal ass, mä och, well d'Arktis am Mier läit, an esou déi relativ méi héich Temperatur duerch d'Äis no uewe weidergi gëtt.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Antarktis – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

  1. (en)History of U.S. Involment in Antarctica, archivéert vun hei, vum 17. Abrëll 2005, Woodrow Wilson School of Public and International Affairs, Princeton Universitéit.
  2. (en)Summary of the Peri-Antarctic Islands, Site vum Scott Polar Research Institue, Cambridge Universitéit

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen