Naturschutzgebitt
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Schëld vun engem Naturschutzgebitt (Haard-Hesselsbierg-Staebierg)
En Naturschutzgebitt (réserve naturelle) ass eng fest definéiert Zon, an där d'Natur e besonnesche Schutz genéisse soll. Aus wëssenschaftlechen, ökologeschen oder geschichtleche Grënn ënnerleien dës Parzelle gewëssen Notzungsaschränkungen, besonnesch fir d'Erhale vu bestëmmte Liewensraim fir Déieren- a Planzenaarten.
Dës Schutzzone ginn zu Lëtzebuerg duerch e groussherzoglecht Reglement als zone protégée ausgewisen an ënnerdeele sech a véier verschidde Kategorien:
- Bëschnaturschutzgebidder (réserves forestières)
- Fiichtgebidder (zones humides)
- Dréchewisen (pelouses sèches)
- aner Naturschutzgebidder (réserves diverses)
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Naturschutzgebidder – Biller, Videoen oder Audiodateien |