Vancouver

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der kanadescher Stad Vancouver. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Vancouver (Homonymie).
D'Skyline von Vancouver, am Hannergrond d'North Shore Mountains

Vancouver [ vænˈkuːvɚ ] ass eng Stad am Südweste vu British Columbia un der Westküst vu Kanada. Se läit tëscht der Strooss vu Georgia an de Coast Mountains, eng 45 Kilometer nordwestlech vun der Grenz mat den USA. D'Stad gehéiert zum Regionaldistrikt Metro Vancouver, dee mat 2,25 Milliounen Awunner (2007) déi drëttgréisst Metropolregioun vu Kanada ass. D'Stad Vancouver selwer huet der 611.869(2007).

D'Stad ass nom George Vancouver genannt ginn, deen d'Géigend am 18. Joerhonnert exploréiert a kartographéiert huet. Se ass an den 1860er Joren entstanen an huet sech, nodeem d'Eisebunn 1887 bis dohin duerchgebaut gi war, bannent e puer Joerzéngten zu enger Metropol entwéckelt.

D'Economie huet sech am Ufank op déi natierlech Ressourcë baséiert, déi a British Columbia exploitéiert goufen: Forstwirtschaft, Biergbau, Fëscherei a Landwirtschaft. Den Hafe vu Vancouver huet u Bedeitung gewonnen, nodeem de Panamakanal opgaangen ass. En ass haut dee gréisste vu Kanada an nom Volumen dee gréissten Exporthafe vun Nordamerika.

An deene leschte Joerzéngten huet Vancouver sech ëmmer méi op Servicer an Tourismus spezialiséiert. Och als Produktiounsplaz vu Filmer spillt et eng wichteg Roll.

Vum 12. bis den 28. Februar 2010 waren zu Vancouver déi XXI. Olympesch Wanterspiller.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vancouver – Biller, Videoen oder Audiodateien