Eisebunn

Vu Wikipedia
Eisebunn

D'Eisebunn ass e schinnegebonnenen Transportsystem dee sech aus der Infrastruktur (haaptsächlech d'Gleiser an d'Weichen) an den Zich, déi vu Lokomotive gezu ginn oder als Automotricë fueren, zesummesetzt.

Als Eisebunn gëtt gemenkerhand och d'Gesellschaft, déi de Betrib bedreift, verstanen. D'Personal vun der Eisebunn gëtt "Eisebunner" genannt.

Grondsätzlech Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

Dampzuch am Fond-de-Gras

D'Eisebunn ënnerscheet sech vun aneren Transportmëttel duerch follgend Punkten:

Technik[änneren | Quelltext änneren]

  • Duerch de Kontakt vu Stol op Stol (Rad / Schinn) entsteet eng Fortbeweegung mat niddregem Reifwidderstand, wat awer laang Bremsweeër mat sech bréngt. Ausserdeem bedéngt dat och datt keng géi Steigunge kënne bewältegt ginn. Déi meescht Eisebunnsstrecke lafen doduerch am Fong vum Dall a benotzen opwänneg Bauwierker wéi Brécken an Tunnellen.
  • D'Beweegung ass schinnegebonnen. Den Zuch kann a muss do fuere wou d'Schinne leien. E kann also selwer nëmme no vir oder no hanne fueren. E Gleiswiessel ass méiglech mat Hëllef vu Weichen. En Iwwerhuelen um selwechte Gleis ass onméiglech.
  • D'Fueren am Convoi. D'Waggonen kënne net eleng circuléieren (wéi d'Autoen op der Strooss). Dofir gi se zu Zich zesummegesat, déi vun enger Lokomotiv gezu ginn. Dat erlaabt eng grouss Transportkapazitéit bei klengem Beweegungswidderstand. Et bedéngt awer datt den Opbau an d'Attelagen (de Krop mat deem d'Waggonen unenee gestréckt ginn) vun de Waggone bestëmmt minimal technesch Konditiounen erfëllen.

All dës Charakteristiken erfuerderen e spezielle Betribssystem. Fir d'éischt mol e strikte Sécherheets- a Signalisatiounssystem an dann nach e méiglechst prezise Fuerplang. Doduerch ass et méiglech fir d'Energiekäschten anzegrenzen an en héije Sécherheetsniveau ze garantéieren.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

  • "Transport en commun": D'Eisebunn ass per Definitioun e Massentransportmëttel a gëtt als solches vum Staat reglementéiert an ënnerstëtzt (Service public). Den Afloss op den Urbanissem ass net z'ënnerschätzen an ass e wichtegen Aspekt vun der Landesplanung.
  • "Monopolstellung": Wéinst den héijen Investitiounskäschte beim Bau vun Eisebunnsstrecken huet d'Eisebunn eng natierlech Monopolstellung an, am Krichsfall, strateegesch militäresch Missiounen.
  • "Integréierten Transport": déi staark géigesäiteg an technesch bedéngt Ufuerderungen tëscht der Infrastruktur an dem Zuchbetrib hunn an Europa dozou gefouert datt gréisstendeels integréiert Eisebunnsentreprisen entstane sinn. Dat wëllt soen datt dës Gesellschafte souwuel d'Gestioun vun hirem Streckenetz wéi och d'Exploitatioun vun den Zich bedriwwen hunn. Déi aktuell EU-Politik wëllt an Zukunft d'Exploitatioun vun den Zich opmaache fir all Konkurrent an d'Gestioun vun de Gleisanlage vu getrennten Entreprisë maache loossen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Allgemeng[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Schinnebunne ware sekundär Industriebunnen, meeschtens Bunnen déi en Uschloss vu Karriären a Minièren u Flëss an der Noperschaft gebilt hunn. Eréischt de Bau vu leeschtungsfäegen a betriibssécheren Damplokomotiven hunn der Eisebunn eng Dominanz am Verkéierssystem vum 19. Joerhonnert erméiglecht, well et domat méiglech gouf grouss Laaschten mat Vitessen ze transportéieren déi an der Postkutschenzäit net méiglech waren. D'Industrialiséierung an de Bau vun Eisebunnen hu sech géigesäiteg beaflosst a gefërdert, sou datt an der allgemenger Opfaassung d'Eisebunn zesumme mat den Damplokomotiven entstanen ass, deemno am Ufank vum 19. Joerhonnert wat dermat ugefaangen huet wéi 1803 de Richard Trevethick déi éischt Damplokomotiv entwéckelt hat, an 1825 an England tëscht Stockton an Darlington déi éischt Eisebunnsstreck opgemaach gouf, a schliisslech well dem George Stephenson seng Rocket och ëm déi Zäit als déi éischt sougenannt modern Lokomotiv sech am Lokomotivbau konnt duerchsetzen a sou den zukünftege Lokokomotivbau markéiert huet. Sou gouf Eisebunn 1825 an England "gebuer" an zwar am Zesummenhank mat der industrieller Revolutioun. Déi éischt Streck um europäesche Festland ass a Frankräich tëscht Saint-Étienne an Andrézieu 1827 a Betrib gaangen.

Déi éischt Systemer déi als Virleefer vun der Eisebunn kënne betruecht ginn, gouf et am Mëttelalter an de Minièren, wou d'Weenercher scho geleet goufen, fir datt se net all Ament sollten an d'Säitewänn knuppen. Se si sou op Brieder gefuer, déi op der Säit mat Dunne begrenzt waren, änlech wéi d'Metroen dat haut op Bëtong maachen. Déi éischt Waggonsrieder déi schonn op enger Zort Metallschinn gerullt sinn, gouf et an England. Se waren aus Goss an haten zwéi Spuerkränz.

Sou ass tëscht dem Mëttelalter an der Renaissance an de Minièren, am Ufank op hëlze Schinnen, mat primitive Weichen an Dréischeiwen en Transportsytem entstane bei deem d'Buggien entweeder eenzel oder gruppéiert vu Mënschen oder Déiere gedréckt a gezunn goufen. Verschidde fréier Enzyklopedië wéi d'Cosmographie universelle vu 1550 vum Sébastien Münster déi d'Minieresnetz am Lebertal beschriwwen huet, oder och De re metallica vum Agricola vu 1556 dee Weenercher beschreift déi op hëlze Schinne fueren, sinn Zeien dovun.

17. an 18. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Gosse Schinnen an L-Form, an Egland goufe sou Strecke Plateway genannt.
Reschter vun de stenge Schinne vum Haytor Granite Tramway

Mat der grouuser Aktivitéit déi bei der englescher industrieller Revolutioun entstanen ass, goufe Massentransportmëttele gebraucht besonnesch fir den Transport vu Kuele wat grouss eng Finanz- an Energiequell war. Besonnesch wichteg waren Transportverbindunge vun de grousse Stied am Banneland mat den Hafestied. Dofir hunn d'Bauingenieuren versicht fir sou séier wéi méiglech, do wou de Kanalbau wéinst topographesche Schwieregkeeten ze komplizéiert oder ze deier war, déi wéi si soten Dréche Kanäl ze bauen. Et goufen eng sëllege kuerz Strecke gebaut, déi Häfe mat Stied am Banneland, déi net ze wäit ewech waren, verbonnen hunn. Verschiddener waren un Nopeschstrecken ugeschloss, besonnesch a Wales wou Industrialiséierung scho méi wäit fortgeschratt war a wou de Kuelentransport oder dee vun anere schwéiere Gidder huet musse gemaach ginn. Am Ufank war d'Technik einfach, stenge Placke mat enger breeder Rill, hëlze Schinnen, déi geschwë mat Eisebänner beschloe goufen, duerno gosse Schinne vun de verschiddenste Formen (platt, mat engem Bord (L-Form) an T-Form etc), stenge Bléck wou déi kuerz Schinnestécker droplouchen, duerno hëlze Schwellen déi dacks einfach nëmmen op eng riichtgezunne Pist geluecht goufen. Sou huet England am 17. Joerhonnert intensiv un engem Eisebunnsnetz geschafft dat de Virleefer vun de groussen Eisebunne vum Joerhonnert duerno war. 1604 hat den Huntingdon Beaumont e sougenannte Wagonway gebaut fir Material aus enger Grouf bei Newcastle ze transportéieren. Päerd hunn déi eidel Buggie biergop gezunn, a wa se geluet waren, si se praktesch vum selwen de Bierg erof gelaf. D'Streck hat bis zu 600 Buggie lafen, wat fir déi Zäit en enorme Fuerpark war.

Den 21. Mee 1801 krut de Surrey Iron Railway déi éischt Eisebunnskonzessioun op der Welt.

Déi gréisst Entwécklung huet d'Eisebunn an de Joren 1848 bis 1914 erlieft, haaptsächlech an Europa an an Nordamerika. Nom Éischte Weltkrich huet se Konkurrenz vun den Autoen an de Camione kritt. Nom Zweete Weltkrich koum nach d'Konkurrenz vun de Fligeren dobäi.

D'Pëtrolskris vun 1973 huet der Eisebunn en neien Opschwonk bruecht. ICE (InterCityExpress) an TGV (Train à Grande Vitesse) goufen entwéckelt an op d'Schinne gesat.

Zu Shanghaï (China) ass eng 43 km laang "Magnéitschwiefbunn" a Betrib geholl ginn.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Zich[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zuch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rail transport – Biller, Videoen oder Audiodateien