George Stephenson

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Portrait vum George Stephenson

De George Stephenson, gebuer den 9. Juni 1781 zu Wylem (Northumberland) a gestuerwen den 12. August 1848 zu Chesterfield war en engleschen Ingenieur.

Wéi säi Papp, esou huet och de George Stephenson am Ufank vu senger Carrière an enger Kuelegrouf geschafft. Hien huet sech allerdéngs duerch grouss technesch Fähegkeeten ausgezeechent, déi hie sech selwer bäibruecht hat, a gouf dowéinst 1812 zum Maschinnemeeschter nominéiert.

Vun 1813 un huet hien un enger Damplokomotiv geschafft déi schonns 1814 mat Succès fir den Transport vu Kuelen agesat gouf.

Vun 1821 bis 1825 huet hien de Bau vun der Eisebunnslinn vu Stockton op Darlington (39 km) geleet an hien huet och déi éischt vun him selwer gebaute Lokomotiv fir den Transport vu Persounen op dëser Eisebunnslinn geliwwert.

Perséinlech Tools