Diks
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Diksen an Haltpositioun am Fond-de-Gras
En Diks ass en optescht Signal, e Semaphore mat Hëllef vun deem den Eisebunnsverkéier geregelt gëtt.
Dëse lëtzebuergeschen Numm ass eng Verballhornung vum franséischen disque. Aner Bezeechnunge sinn: "Scheif" (vum däitsche "Scheibe") a "Signal".
Haut gëtt den Terme "Diks" praktesch net méi benotzt, d'"Signal" huet sech duerchgesat, mä d'"Scheif" gëtt awer och nach benotzt, onofhängeg dervun op et e mechanescht oder en elektrescht Signal ass an onofhängeg dervun op eng Streck elektrifizéiert ass oder net.
Dikse goufen/gi vu Garen oder vu Stellwierker aus bedéngt.
Den Diks an der Ëmgankssprooch [änneren]
An der Ëmgankssprooch ass den Ausdrock nach heefeg ze héieren:
- den Diks ass gezunn: d'Bunn ass fräi
- den Diks riichten, dee krut vu sengem Chef den Diks geriicht: engem eng Moralpriedegt halen