Automotrice

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Automotrice 2006 an der Stater Gare

Eng Automotrice, ass e feste Verbond vun Zuchmaterial deen eegestänneg fuere kann. Am normalen Trafic gi se net ausenaner geholl, a sinn an der Regel reversibel, kënnen also a béid Richtunge fueren, ouni musse gedréint ze ginn.

Et ginn 2 Zorte vun Automotricen, woubéi dei eng aus Voiture bestinn déi all Kéiers hiren eegenen Undriff hunn, an déi aaner aus engem oder zwee motoriséierten Deelstecker mat dertëscht rengem Lafmaterial.

Bannent enger Serie kënnen déi eenzel Elementer ausgetosch ginn.

D'Definitioun vun der Automotrice ass zu Lëtzebuerg déiselwecht wéi am däitschsproochege Raum ("Triebwagen"). Den Autorail ("Schienenbus") ass am Lëtzebuergeschen eng Unitéit déi aus engem eenzegen Deel besteet, zum Beispill d'CFL 2100, oder mat Remorquen equippéiert ware wéi z.B. den Uerdinger.

An der Belsch an a Frankräich ass eng Automotrice obligatoresch en elektresch gedriwwenen Zuchverbond. Der lëtzebuergescher Definitioun no, kann eng Automotrice also souwuel elektresch ewéi och mat Diesel bedriwwe sinn.

D'CFL hunn Automotricë vun den Typen 2000, 2200 a 628.4.

Och déi belsch, franséisch an däitsch Eisebunne setzen Automotricen zu Lëtzebuerg an.

Commons: Multiple units – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen