Catenaire
Eng Catenaire oder Uewerleitung ass eng elektresch Leitungsinstallatioun, déi bei der Eisebunn, beim Tram a bei Trolleybussen oder anere Gefierer [1] derfir suergt, datt déi elektresch bedriwwe Gefierer dauernd mat Stroum kënne beliwwert ginn. Si besteet aus engem Ensembel vun Drodréit aus Bronze oder Stol-Aluminiumsdréit, an aus den elektresche Spezialdréit déi aus Koffer[2] hiergestallt sinn. Déi Dréit hänken iwwer der Fuerspur, a gi vu Pottoe gedroen.
Uewen um Gefier ass e Pantograph dee widdert der Catenaire schläift an doduerch déi néideg elektresch Energie op d'Steier- an Undriffselementer weiderleet.
Inhaltsverzeechnes |
Allgemenges [änneren]
- D'Wuert Catenaire kennt vum laténgeschen catenaria, wat eng mathematesch Bezeechnung fir eng Parabole ass, déi no ënnen duerchhänkt.
- Et gi Catenairë fir Gläichstroum a fir Wiesselstroum.
Geschicht [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Elektrifizéierung (Eisebunn) ![]()
- Déi éischt Catenaire, wéi mer se haut kennen, gouf vun der Firma Siemens 1881 op enger Ausstellung zu Paräis presentéiert.
- Enn 19. Joerhonnert a bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert ass d'Catenaire op verschiddene Strecken niewent de Schinne verlaf, wéi z. B. bei der Eisebunnsstreck am Maggiadall.
- Flächendeckend si Catenairen eréischt nom Zweete Weltkrich agebaut ginn.
- Zu Lëtzebuerg goufen déi éischt Catenairen 1955 tëscht de Garen Lëtzebuerg a Zoufftgen, respektiv 1956 tëscht der Stad a Klengbetten opgeriicht. Lëtzebuerg war 1956 déi éischt Gare weltwäit wou zwee verschidde Spannungssystemer funktionéiert hunn.
- Bis 1961 gëtt de Rescht vun de Eisebunnstrecken am Guttland elektrifizéiert, mat Ausnam vun der Streck Péiteng - Lëtzebuerg, déi 1981 elektrifizéiert gëtt. Eréischt 1993 gëtt d'Nordstreck elektrifizéiert.
- Haut ass Lëtzebuerg niewent der Schwäiz dat eenzegt Land an Europa mat engem bal integral elektrifizéierten Streckenetz. Just 13 km Gleis sinn net elektrifizéiert [3]
Catenaire fir Gläichstroum [änneren]
Virdeel: D'Gefierer kënne déi Gläichspannung direkt benotzte fir de Motor z'alimentéieren; en Transformator ass net néideg.
Nodeel: Wéinst deem relativ héije Stroumverbrauch bei niddreger Spannung geet vill Energie ënnerwee verluer. Fir dat auszegläiche muss den Duerchmiesser vum Catenairesdrot méi grouss sinn an et muss a méi kuerzen Ofstänn agespeist ginn.
Déi maximal Spannung, mat där Motore kënne bedriwwe ginn, läit allgemeng bei 1.500 Volt, dowéinst mussen ënnert 3.000 Volt zwéin e sou Motoren a Rei bedriwwe ginn.
Haut ass Gläichstroum zwar nach wäit verbreet, gëtt awer bei neien Elektrifizéierunge seele benotzt, well d'Leeschtung méi kleng ass wéi beim Wiesselstroum. A Frankräich, der Belsch an an Holland gëtt haut nëmme méi mat 25.000 Volt Wiesselstroum elektrifizéiert.
Spannungen [änneren]
| Spannung | Land | Asazberäich |
|---|---|---|
| 600 Volt | Weltwäit | Trammen |
| 750 Volt | Weltwäit | Trammen |
| 1500 Volt | Holland, Süd- an Zentralfrankräich | Eisebunn |
| 3000 Volt | Belsch, Estland, Italien, Lettland, Lëtzebuerg, Moldawien, Polen, Russland, Slowenien, Spuenien an Deeler vun Tschechien | Eisebunn |
Catenairë fir Wiesselstroum [änneren]
|
Franséisch Wiesselstroumcatenaire fir 25.000 50 Hz.
|
|
Däitsch Wiesselstroumcatenaire fir 15.000 16⅔ Hz.
|
Catenairë mat Wiesselstroum verdroe vill méi héich Spannungen. Wiesselstroumlokomotiven hunn Transformateren oder Thyristoren, déi déi héich Spannung aus der Catenaire an déi fir d'Motoren néideg Spannung vu 1.500 Volt ëmwandelt.
Spannungen [änneren]
| Spannung | Land | Asazberäich |
|---|---|---|
| 15.000 Volt 16⅔ Hz | Däitschland, Éisträich,Lëtzebuerg (Waasserbëlleg-Grenz), Norwegen, Schwäiz, a Schweden | Eisebunn |
| 20.000 Volt 50 Hz | Japan | Eisebunn |
| 25.000 Volt 50 Hz | Bosnien-Herzegowina, Bulgarien, England, Dänemark, Finnland, Frankräich, Griicheland, Kroatien, Lëtzebuerg, Portugal, Litauen, Mazedonien, Montenegro, Rumänien,Serbien, Slowakei, Deeler vun Tschechien, Tierkei, Ukraine, Ungarn a Wäissrussland | Eisebunn |
| 50.000 Volt 50 Hz | Kanada, Südafrika | Industriebunnen |
Catenairesmauer [änneren]
De Kontakt tëscht dem Pantograph vun engem Zuch an der Catenaire produzéiert, soubal den Zuch a Bewegung ass, eng mechanesch Schwéngung vum Kontaktdrot, a Form vun enger Sinuswell , déi mat enger Vitesse vu knapps ënnert 500 km/h vum Pantograph aus fortleeft. De Phenomen vun der Catenairesmauer trëtt op, wann den Zuch méi séier gëtt ewéi déi Well. De Pantograph verléiert dee Moment de Kontakt mat der Catenaire wat zu enger abrupter Ënnerbriechung vun der Sinuswell féiert. Duerno fält d'Catenaire op de Pantograph, wat an der Regel zu engem Stroumiwwerschlag féiert dee schwéier Schied u béiden Deeler kann hannerloossen.
Bei Vitessen iwwert 500 km/h muss d'Catenaire extrem gespaant ginn, fir ze verhënneren datt sech eng Sinuswell bilt. Well datt awer ëmmer e groussen Opwand ass, deen och net gutt fir d'Material ass, ass e reguläre Betrib iwwert 500 km/h mat den ablacklechen Techniken am Beräich vun der Catenaire net denkbar.
Wëll ënnert Gläichstroum Vitessen an deem sensibele Beräich souwéisou net méiglech sinn, ass d'Catenairesmauer e Phenomen deen et nëmmen ënnert Wiesselstroum gëtt.
Catenairespottoen [änneren]
Type vu Pottoen [änneren]
D'Catenairespottoe sinn d'Installatiounen un deenen d'Catenaire selwer fixéiert ass. Et ginn där Pottoen aus Holz, Stol a Bëtong. Während hëlze Pottoen nëmmen a Regioune mat akuter Lawinegefor agesat ginn si stole Pottoen an déi aus Bëtong wäit verbreet.
An de Garen an op Strecken déi méi ewéi 2 Gleiser hunn, gi Pottoe mat enger queescher Verbindung agebaut, sou datt Portaler entstinn déi manner Plaz brauchen an allgemeng méi stabil si wéi en eenzelne Potto. Dowéinst huet déi Technik bei Gläichstroumcatenairen eng laang Traditioun, well do d'Kabele méi schwéier sinn.
Et sief preziséiert datt an der Schwäiz nëmme mat Portaler geschafft gëtt.
Fir Héichvitessestrecken, fir Vitessen iwwert 200 km/h, sinn allerdéngs Portaler net gëeegent, well d'Vibratioune vum Zuch iwwert d'Portaler manner gutt ofgeleet gi wéi iwwert en eenzelne Potto.
Isolatoren [änneren]
Well an enger Catenaire Stroum fléisst, mussen d'Pottoe mat Isolatoren ausgerëscht sinn déi d'Stroumleitungen elektresch vum Potto isoléieren. Et ginn Isolatoren aus Glas, Keramik a synthetesche Materialen. D'Déckt an d'Zuel vun den Isolatoren hänkt vun der Spannung of déi an der Catenaire leeft.
|
Notten a Referenzen [änneren]
- ↑ Z. B. Knuppautoen bei deenen de Stroum iwwer e Gitternetz transportéiert gëtt
- ↑ Jee no Bedarf ka Cadmium, Sëlwer oder Magnesium bäigemëscht sinn. Déi sekundär Elementer hunn Afloss op d'Rigiditéit, d'Häert an d'Resistenzfäegkeet vun der Catenaire, a variéieren an der Regel vu Land zu Land
- ↑ CFL: Rapport 2009
| Commons: Overhead lines – Biller, Videoen oder Audiodateien |