Wäissrussland

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Рэспубліка Беларусь
Respublika Belarus

Wäissrussesche Fändel

Wäissrussescht Wopen

Detailer

Detailer
Europe location BLR.png
Offiziell Sprooch: Wäissrussesch, Russesch
Haaptstad: Minsk
Staatsform: Republik
 • President: Aljaksandr Lukaschenka
 • Premierminister: Sjarhej Sidorski
Fläch: 207 600 km²
Bevëlkerung: 9 824 568 [1]
 • Bevëlkerungsdicht: 47,3/km²
Onofhängegkeet: vun der Sowjetunioun
25. August 1991
Nationalfeierdag: 27. Juli
Nationalhymn: My Belarusy (Мы, беларусы)
Währung: Rubel (BYR)
Zäitzon: UTC +2 (+3 am Summer)
Internet TLD: .by
Internationalen
Telefonsprefix
:
+375

Wäissrussland ass eng onofhängeg Republik an Osteuropa. Wäissrussland grenzt am Nordwesten u Litauen a Lettland, am Osten u Russland, am Süden un d'Ukrain an am Westen u Polen. D'Haaptstad ass Minsk.

D'Sozialistesch Sowjetrepublik Wäissrussland huet de 27. Juli 1990 hir Souveränitéit deklaréiert an de 25. August 1991 d'Onofhängegkeet erkläert. Nodeems sech d'Sowjetunioun am Dezember 1991 opgeléist huet, ass Wäissrussland dunn och faktesch en onofhängege Staat ginn. Nationalfeierdag ass den Dag vun der Souveränitéitserklärung, de 27. Juli.

Den Aljaksandr Lukaschenka, dee schonn zënter 1994 President ass, huet mat sengem autoritaire Regierungstil d'Land am Laf vun der Zäit ëmmer méi an d'international Isolatioun gefouert. Massiv Kritik [2] un de sëlleche Mënscherechtsverletzungen an de Virworf Walen ze manipuléiere komme vir op aus dem Westen, der EU an dem Europarot, den USA a vun netstaatlechen Organisatioune wéi Amnesty International.[3] Zënter dem 10. Abrëll 2006 däerf de Lukaschenka kee Fouss méi an d'Europäesch Unioun setzen.[4]

D'Verhältnes zu anere fréiere Sowjetrepubliken ass méi ambivalent. Mee och de Versteesdemech mam Noper Russland ass zënter den energiepoliteschen Differenze vun 2007 ferm strapazéiert.

Gutt Relatiounen huet Wäissrussland dogéint mam Iran, Nordkorea, China, Kuba a Venezuela.

Inhaltsverzeechnes

Ëmweltkatastroph [änneren]

De Reakteraccident vum 26. Abrëll 1986 zu Tschernobyl ass nëmmen eng 10 km südlech vun der wäissrussescher Grenz, an der haiteger Ukrain, geschitt. Ronn 70% vum Fallout sinn deemools iwwert wäissrusseschem Territoire niddergaangen an hu grouss Deeler vum Land verstraalt.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Wäissrussland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten [änneren]

  1. UNO-Schätzung fir den 1. Juli 2004. [1]
    Bei der leschter offizieller Vollekszielung, de 16. Februar 1999, goufen 10 045 237 Leit gezielt. Source: [2]
  2. Iwwerbléck op diploweb.com: La Biélorussie, dernière "dictature" d'Europe (August 2007)
  3. Amnesty International Report 2007
  4. Artikel an der däitscher FAZ (10. Abrëll 2006)