Katastroph vun Tschernobyl

Vu Wikipedia
De Reakter Nr. 4 mat sengem Bëtongsmantel ronderëm
Eng Delegatioun vun der BERD besicht Tschernobyl
Stralenzertifikat, deen all Visiteur zu Tschernobyl kritt
Tschernobyl op der Landkaart

Tschernobyl ass eng Stad an der Ukrain, déi 1986 nach zur Sowjetunioun gehéiert huet. Tschernobyl ass an d'Schlagzeile vun der Weltpress koum, well de 26. Abrëll 1986 d'Atomkraaftwierk vun do havaréiert ass, an d'Stralen déi bei där Explosioun ausgetratt sinn zu enger Katastroph gefouert hunn, déi d'Welt deemools an Otem gehalen huet.

Wéi ass den Accident geschitt?[änneren | Quelltext änneren]

Den Accident vun Tschernobyl hat verschidden Ursaachen. Et ass fir d'éischt op de Reakter no russescher Bauart vum Typ RBMK zeréckzeféieren, ee Reaktertyp, deen dem westleche Sécherheetsstandard net entsprécht an allgemeng als geféierlech ugesi gëtt. Bei de westleche Reaktere wierkt d'Killwaasser als Moderator. Wann et verdämpt kënnt et net, wéi beim RBMK-Typ, zu enger Erhéijung vun der Reaktivitéit vum Reakter, mä seng Reaktivitéit hëlt of.

D'Baukonzept vum RBMK-Reaktor war, no den Experten vun engem UN-Atomenergieautoritéits-Gremium IEAO, dei primär Ursach vun der Atomkatastroph vun Tschernobyl.

Beim Bau hunn ëmmer nees Ressourcë gefeelt a fir d'Fristen anzehalen, huet missen improviséiert ginn. Wéi den Energieministère zu Moskau erausfonnt huet, datt den Daach vun den Turbinnenhale mat engem liicht entzündlechen Bitume gedeckt gi war, huet en d'Uweisung gi fir deen z'ersetzen. Well dat Material schwéier ze beschafe war, huet de Ministère fir Tschernobyl eng Ausnam-Erlabnis ausgestallt an dat liicht entzündlecht Material konnt bleiwen. En Team vu KGB-Agenten huet eng Serie vun alarméierende Baufeeler gemellt.

Ausserdeem war den Tschernobyl-Reakter am Géigesaz zu de moderne Reakteren net an e Sécherheetsbehälter agebett, wat d'Explosiounsgefor erhéicht huet.

De 25. Abrëll 1986 sollt bei engem Test e Sécherheetssystem iwwerpréift ginn, deen de Reakter bei engem komplette Stroumausfall soll schützen. De Reakter hat en Noutstroum-Aggregat, mee bis dat ugespronge wier an d'Pompelen nees lafe géifen, wier en eng geféierlech Zäit ouni Killung. E Mechanismus sollt déi Zäit iwwerbrécken, mee wéinst Zäitdrock bei der Konstruktioun war de Mechanismus ni getest ginn.

D'Experte ginn dervun aus, datt et dem Betribspersonal u Kompetenz gefeelt huet a si hir Betribsvirschrëften net agehalen haten. D'Schaltpult hat e puer honnert Schalteren, Schaltknäpp, Affichagen, Liichtercher a Warnaffichen. Ee vun dëse Schaltere war falsch agestallt, well e Schrëtt an der Gebrauchsanweisung iwwerspronge gi war. Fir dee Feeler z'iwwerspillen, hu missen anerer gemaach ginn, wat de Reakter an ëmmer méi ongeplangt Situatioune bruecht huet. Mee trotz allem ass decidéiert ginn, den Test weider duerchzefeieren, bei dem dann nees net no Plang geschafft gouf. Dat huet derzou gefouert, datt iergendwann den Drock am Reakter ëmmer méi héich gouf bis et zur Explosioun koum. [1]

Konsequenzen[änneren | Quelltext änneren]

An der Sowjetunioun[änneren | Quelltext änneren]

Vun alle Katastrophen an nukleare Kraaftwierker hat d'Katastroph vun Tschernobyl déi schroost Konsequenzen an huet déi meescht Affer gefuerdert. Wéi vill et der waren ass nach net definitiv gekläert. D'UN-Atomenergieautoritéit IEAO gëtt d'Zuel vun den onmëttelbaren Affer, meeschtens Membere vun de Rettungsmannschaften, mat manner wéi 50 un an huet an hirem Rapport vum September 2005 d'Zuel vun deenen déi méi spéit ëmkomm sinn oder nach ëmkommen, op bis zu 4.000 Mënsche geschat. Déi Zuele géifen d'Realitéit verharmlosen, geheit Greenpeace der IEAO vir. Opgrond vun hiren Nofuerschungen, un deene 60 Experten aus der ganzer Welt bedeelegt waren, muss mat bis zu 93.000 Doudege gerechent ginn, wann och d'Folge fir déi Generatiounen déi kommen a Betruecht gezu ginn. Greenpeace weist drophin, datt eleng a Russland, der Ukrain an a Wäissrussland 270.000 Kriibskranker enregistréiert goufen.

Dausende Persoune goufen agesat fir opzeraumen an dobäi héije Stralendosen ausgesat, besonnesch déi, déi direkt nom Accident do geschafft hunn. Bis 1991 waren et am Ganze 600 000 Männer a Fraen aus der ganzer Sowjetunioun, déi offiziell als Tschernobyl-Liquidateuren unerkannt gi sinn. Si kruten e speziellen Ausweis an et ass eng Klinik fir si zu Kiew opgaangen, wou jidderee behandelt sollt ginn, deen der Stralung ausgesat gi war. Mee well de Staat sech net sou vill potentiell Invalide konnt leeschten, hunn d'Dokteren d'Diagnose codéiert opgeschriwwen a just déi extreemst Fäll unerkannt.[1]

Am Fréijoer a Summer 1986 goufen 116.000 Persounen aus enger Zon vun 30 km rondrëm Tschernobyl evakuéiert, spéider nach 240.000 Persounen zousätzlech. Trotz allem sinn awer verschidde Leit nees dohin zeréckwunne komm, well si hir Uertschaft net wollte verloossen, an déi Leit déi erniere sech vun alles wat de Buedem hinnen ze bidden huet sou wéi Gromperen, asw. déi natierlech och verstraalt sinn.

An den anere Länner[änneren | Quelltext änneren]

An Europa, besonnesch an de Länner am Osten an am Norde gouf eng staark erhéicht Stralenawierkung gemooss. Déi éischt Wäerter goufen a Schweden an a Finnland gemooss a ware scho véiermol sou héich wéi normal. Schweden huet awer am Ufank näischt weider gesot, well si duechten eent vun hiren U-Booter oder eent vun hire Kärkraaftwierker wier futti. Schlussendlech goufen och a Westeuropa erhéicht Stralunge gemooss.

A ganz Europa rechent ee mat 25 000 zousätzleche Kriibserkrankungen duerch déi Katastroph. Bei enger Bevëlkerung vu 5 Milliounen Mënsche betruechten d'Wëssenschaftler vun de Vereenten Natiounen dëst als statistesch kaum signifikant.[1]

D'Atomkraftwierk haut[änneren | Quelltext änneren]

De Bau vum Sarkophag 2013
De Sarkophag 2017

No der Katastroph[änneren | Quelltext änneren]

Am Interessi vun der Sécherheet hunn d'europäesch Länner drop gedrängt fir, nieft dem havaréierte Block 4 och déi aner Blëck 1, 2 an 3, ofzeschalten. D'Ukrain, déi Schwieregkeete mat der Energieversuergung huet, huet sech laang dogéint gewiert. De Block 2 ass am November 1991 no engem Feier an der Turbinnenhal zougemaach ginn, de Block 1 am November 1996 an de Block 3 de 15. Dezember 2000. D'Europäesch Unioun huet dat duerch Finanzhëllefen un d'Ukrain méiglech gemaach.

Sarkophagen[änneren | Quelltext änneren]

Am accidentéierte Block 4, dee mat engem séier gebauten a provisoresche Sarkophag zoubetonéiert gouf, sinn nach Brennstief dran, a säi Kär ass nach net zur Rou komm. Well sech Rëss am onstabille Bëtongsblock bemierkbar gemaach hunn, hu sech dréngend Moossnamen opgedrängt fir neie Katastrophe virzebauen.

E Konsortium vun 28 Länner a vun der ukrainescher Regierung hunn de Bau an Optrag ginn. Finanzéiert gouf de Sarkophag vu 40 Länner a vun der EU. Am Abrëll 2012 ass mam Bau vum neie Sarkophag ugefaange ginn, deen “New Safe Confinement” heescht. Véier Joer huet de Bau gedauert. Wéinst der héijer Stralung konnt déi nei Hüls net direkt iwwer der Ruin vum Reakter gebaut ginn. Déi nei Schutzhüls ass 300 Meter ewech opgeriicht an duerno op Schinnen iwwert de Reakter gedréckt ginn. Den 29. November 2016 huet se hiert Ziel erreecht.

Schätzungen no huet den zweete Sarkophag 1,8 Milliarden Euro kascht. Dëst zweet Schutzhüls ass och just provisoresch. Se soll déi nächst 100 Joer halen.[2]

Bëschbrand[änneren | Quelltext änneren]

De 5. Abrëll 2020 hunn ukrainesch Autoritéiten e Bëschbrand ronderëm Tschernobyl gemellt. Iwwer 100 Hektar Bësch hu gebrannt a Radioaktivitéit gouf fräigesat.[3]

Russeschen Iwwerfall[änneren | Quelltext änneren]

Am Februar 2022 si russesch Truppen an d'Ukrain agefall an hunn och den Atomkomplex vun Tschernobyl ugegraff a besat. Beim Iwwerfall waren 120 Mataarbechter am Wierk, déi fir Sécherheet gesuergt hunn. Si konnten d'Wierk net méi verloossen a goufen net ofgeléist.

Zu Tschernobyl lageren 21.000 ofgebrannt Brennelementer, déi permanent musse gekillt ginn. Ouni Stroum kéim et zu enger staarker radioaktiver Kontaminatioun. Wei de Stroum ausgefall ass, sinn Dieselaggregater agesprongen. E puer Deeg hunn d'Russen Diesel geliwwert, duerno hu se d'Kraaftwierk un dat russescht Stroumnetz ugeschloss. Réischt no 4 Woche waren d'Russen d'Accord, fir d'Mataarbechter auszetauschen. E puer si fräiwëlleg aus Sécherheetsgrënn bliwwen. No 44 Deeg hunn d'Russe sech aus der Géigend zeréckgezunn.

Well d'Russe gezielt d'Stroumnetzwierk an der Ukrain attackéieren, huet d'Atomkraaftwierk vun Tschernobyl ëmmer nees misse mat Noutstroum versuergt ginn.[4]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Chernobyl's Legacy: Health, Environmental and Socio-Economic Impacts and Recommendations to the Governments of Belarus, the Russian Federation and Ukraine; Abrëll 2006 (PDF-Dokument)
  • Igor Kostin/T. Johnson (Mitarbeit)/Übers. C. Kalscheuer: Tschornobyl - Nahaufnahme. München: Verlag Antje Kunstmann, 2006. 240 Seiten. ISBN 3-88897-435-6 (Fotoband, Reportage; Auszug, Bespreechung: in der Süddeutschen Ztg. vom 24. März 2006 (hgn) mit ca. 10 Abbi.Beispielen)
  • Environmental Consequences of the Chernobyl Accident and Their Remediation: Twenty Years of Experience; Report of the UN Chernobyl Forum Expert Group “Environment” (EGE), August 2005 (PDF-Dokument)
  • World Health Organization: Health Effects of the Chernobyl Accident and Special Health Care Programms. Report of the UN Chernobyl Forum Expert Group “Health” (EGH) April 2006, Download: [3] (PDF 1,6 MB)
  • IAEA (Hrsg.): Chernobyl's Legacy: Health, Environmental and Socio-economic Impacts (...). September 2005 (PDF-Dokument)
  • Oda Becker, Helmut Hirsch: Tschernobyl: Sanierung des Sarkophags - Wettlauf mit der Zeit. Hamburg/Hannover: Greenpeace, 2004 (PDF-Dokument)
  • H. Dederichs, E. Konoplya, P. Hill, R. Hille: Systemtische Differenzierung kontaminierter und nicht kontaminierter Nutzflächen in der Region Korma., Schriftenreihe Reaktorsicherheit und Strahlenschutz; BMU-2002-613, 2002. Bundesministerium für Umwelt, Naturschutz und Reaktorsicherheit.
  • A. Bayer, A. Kaul, C. Reiners: Zehn Jahre nach Tschernobyl, eine Bilanz. München: Gustav Fischer Verlag, 1996. - ISBN 3-437-25198-8
  • Karl-Heinz Karisch/Joachim Wille (Hg.): Der Tschernobyl-Schock. Zehn Jahre nach dem Super-GAU. Frankfurt am Main: Fischer Taschenbuch Verlag, 1996. - ISBN 3-596-13301-7
  • Grigori Medwedew: Verbrannte Seelen - Die Katastrophe von Tschernobyl, Carl Hanser Verlag München Wien, 1991. - ISBN 3-446-16116-3
  • V. M. Chernousenko: Chernobyl. Insight from the Inside. Berlin, Heidelberg, New York: Springer-Verlag, 1991. - ISBN 3-540-53698-1
  • Antje Hilliges/Irina Wachidowa: Als wir Tschernobyl überlebten. - ISBN 3-453-64508-1
  • Swetlana Alexijewitsch Stimmen aus Tschernobyl in: 20 Jahre Tschernobyl Themenheft Aus Politik und Zeitgeschichte Beilage zur Wochenzeitung das Parlament, 27.3.2006 (weitere Beiträge von Sahm, Jochum und Pfaffenberger, Mojib Latif, Jens Ivo Engel), online lesbar: [4]
  • Zhores Medwedjew: Das Vermächtnis von Tschernobyl, Münster: Daedalus Verlag Joachim Herbst, 1991, ISBN 3-89126-030-X
  • Adam Higginbotham: „Mitternacht in Tschernobyl“, S. Fischer Verlag, ISBN 978-3-10-002538-8

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Adam Higginbotham: „Mitternacht in Tschernobyl“, S. Fischer Verlag, ISBN 978-3-10-002538-8
  2. [1]
  3. Bei der fréierer Atomzentral vun Tschernobyl klëmmt d'Radioaktivitéit op rtl.lu
  4. [2]