Summer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Joreszäiteschema, Iwwersiicht iwwert d´Referenzlinnen vun der Äerdbunn
E Feld am Summer

De Summer ass vun deene véier Joreszäiten déi wärmsten an der geméissegter an arktescher Klimazon. Je nodeem, ob en op der Nord- oder Südhallefkugel ass, ënnerscheed een tëschent Nord- a Südsummer. De Nordsummer fënnt gläichzäiteg mat dem Südwanter statt. Opgrond vum wandernden Zenitstand vun der Sonn tëschent südlechem an nërdlechem Wendekrees widerhëllt sech de Summer all Joer op all Hemisphär.

Astronomesch fänkt de Summer mat der Summersonnewend: dem Zäitpunkt, zu deem d'Sonn senkrecht iwwert dem Wendekrees steet an d'Deeg am längste sinn. Op der Nordhallefkugel geschitt dëst den 21. Juni, op der Südhallefkugel den 21. oder 22. Dezember. Duerno ginn d'Deeg nees méi kuerz an d'Nuechte méi laang. De Summer ass mat der hierschtlecher Dagannuetgläiche den 22. oder 23. September am Norde resp. den 20. Mäerz oder an der Nuecht zum 21. Mäerz am Süden zu Enn.

Well d'Ëmlafbunn vun der Äerd ëm d'Sonn liicht elliptesch ass, also vun enger exakter Kreesbunn ofwäicht, sinn déi véier Joreszäiten net genee gläich laang. De Nordsummer ass e bësse méi laang a méi mëll wéi de Südsummer, well während dem Nordsummer d'Richtung vun der Äerd zu der Sonn sech eppes méi lues ännert an d'Äerd eppes méi wäit vun der Sonn ewech ass.

De Summer gëllt och als d'Joreszäit vun der gréisserer Liewesfreed. Dëst geschitt duerch déi méi héich Temperaturen, an duerch méi Uwiesenheet an der fräier Natur.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Sommer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools