Hierscht

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Joreszäiteschema, Iwwersiicht iwwer d´Referenzlinnen vun der Äerdbunn
Hierscht am Bësch
Hierscht vum Arcimboldo

Den Hierscht als eng vun de véier Joreszäiten ass d'Iwwergangszäit tëschent Summer a Wanter. An de geméissegten Zonen ass et d'Zäit, an där d´Blieder vun de Beem falen, an déi lescht Feldfriichten erageholl ginn.

Dat Wuert Hierscht ass Famill mat dem engleschen harvest, lat. carpere (= plécken) an griich. karpós (Fruucht, Erdrag). Et kënnt vum indogerm. sker (= schneiden). Ufanksbedeitung vum Hierscht „Zäit vun der Fruucht“, „Zäit vum Plécken“, „Zäit vun der Rekolt“.

[änneren] Weideres

Jee nodeem ob den Hierscht op der Süd- oder op der Nordhallefkugel ass, ënnerscheet een tëschent Südhierscht an Nordhierscht. Well de Zenitstand vun der Sonn a stännegen Zyklus tëschent dem südlechem an nërdlechem Wendekrees huet, widerhëllt sech den Hierscht all Joer op all Hemisphär.

Astronomesch fänkt den Hierscht mat der Hierscht-Equinoxe:

Well d'Ëmlafbunn vun der Äerd ëm d´Sonn ëm 1,7 Prozent vun enger Kreesbunn ofwäicht, sinn déi 4 Joreszäiten net ganz gläich laang. Dëst wiirkt sech och eppes op den phenologeschen Hierschtufank aus, dee klimatesch vum astronomeschen ofwäiche kann. Et ënnerscheet een dobäi och tëschent dem Fréihierscht, Vollhierscht a Spéithierscht.

Am Hierscht verfierwe sech d'Blieder op de Beem, ier se dann offalen. Ursaach ass de luese Réckzuch vun de Planzesäften an de Stamm resp. an d'Wuerzelen. De Chlorophyll gëtt ofgebaut an aner Blatfaarfstoffer suerge fir d'Fierwen. Bei dëse Faarfstoffer handelt et sech z. B. ëm Carotinoiden an Anthocyanen.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Herbst – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools