Gare Klengbetten
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| CFL-Linn(en) | 50 | ||||
| P.K. | 17.830 | ||||
| Quaien | 4 | ||||
| Gleiser | 4 | ||||
| Uertschaft | Klengbetten | ||||
| Gemeng | Stengefort | ||||
| Kanton | Kapellen | ||||
| Park & Rail-Parking | Jo | ||||
| Parkplaze fir Leit mat r. Mobilitéit | Jo | ||||
| Koordinaten | 49° 38' 34" N 5° 54' 53" O |
||||
| Websäit | CFL.lu | ||||
D'Gare Klengbetten ass eng Gare op der Linn 50 vun der Lëtzebuerger Eisebunn tëscht der Gare Kapellen an der belscher Grenz, um Kilometerpunkt 17,948.
D'Linn 50 féiert vun der Gare vu Lëtzebuerg bis op d'Gare Klengbetten a weider op Arel, a si huet an der Gare vu Klengbetten en Uschloss un d'Atertlinn, déi zënter 1967 vun do nach just bis op Stengefort féiert, an e Gleisuschloss fir d'Klengbettener Millen.
Inhaltsverzeechnes |
Infrastruktur[änneren]
D'Gare Klengbetten bitt
- e Guichet fir Billjeeën,
- eng Trap fir op déi aner Säit vun de Schinnen ze kommen
- e gratis Park & Rail-Parking mat 132 Plazen a spezielle Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
- e Wartesall
- e Fondbüro
- d'Méiglechkeet, fir Billjeeën ze reservéieren
Geschicht[änneren]
Bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert war d'Gemeng Betten, wéi grouss Deeler vum Land, gréisstendeels isoléiert. Nodeems op belscher Säit eng Eisebunnsverbindung tëscht Bréissel an Arel, di haiteg Linn 162, gebaut gouf, konnt op lëtzebuergescher Säit eng Verlängerung vun där Streck bis an d'Stad gebaut ginn. Déi ass, ënnert dem Numm Westbunn, gebaut ginn a konnt de 4. Oktober 1859 no relativ kuerzer Bauzäit ageweit ginn. Zäitgläich gouf och eng Gare gebaut déi deemools nach Betten geheescht huet.
Déi Gare war als Grenzgare konzipéiert an huet um Ufank aus 4 Gleiser, 2 Quaien , enger Dréischeif, engem Schapp fir Lokomotiven engem Waasserreservoir bestan. 1894 gouf zu Klengbetten d'Millen ageweit an et muss en zousätzlecht Gleis fir den Oftransport gebaut ginn.
1895 ware 15 Gleiser an der Gare , wat awer nëmmen fir kuerz Zäit duergaangen ass, bis du weider Gleiser hu misse gebaut ginn. 1897 gëtt d'Gare offiziell op Klengbetten ëmgedeeft. Wéi dunn 1899 en zweet duerchgängegt Gleis bis an d'Belsch geluecht gouf, goufen et an der Gare schonn 21 Gleiser.[1]
Zich déi an der Gare halen[änneren]
| Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Lëtzebuerg | Kapellen | RB CFL-Linn 50 |
Terminus | Terminus | ||
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
Referenzen[änneren]
- ↑ Tafel bei der Gare, Stand 7. August 2011
|
|||
|
Lëtzebuerg - Bartreng-Stroossen - Mamer Lycée - Mamer - Kapellen - Klengbetten |