Lokomotiv

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Beispill fir eng Damplokomotiv.
Beispill fir eng Dieselelktresch Lokomotiv.
Beispill fir eng elektresch Lokomotiv.

Eng Lokomotiv ass e Gefier dat op Schinne fiert an en Zuch undreift.

Eng Lokomotiv transportéiert selwer keng Notzlaascht, spréch keng Passagéier oder Gidder. Dat ënnerscheet eng Lokomotiv vun enger Automotrice déi, wéi den Numm et scho seet, selwer fir den Undrëff suergt.

Et gëtt ënnerschiddlech Zorte vu Lokomotiven, ofhängeg vun der Energiequell déi se benotzen.

Lokomotiven an Automotricen[änneren | Quelltext änneren]

Virdeeler vu Lokomotiven[änneren | Quelltext änneren]

  • Fir de Fall datt et zu enger Pann kënnt ass et aus praktescher Siicht besser fir déi dreiwend Elementer vun engem Zuch vum Rescht ze trennen. Op déi Aart a Weis kann dat dreiwend Element ausgetosch ginn an d'Pann huet keen direkten Impakt op den Zuch als Ganzt.
  • Aus economescher Siicht ass d'Lokomotiv ëmmer deen deiersten Deel vun engem Zuch. Et ass dowéinst interessant dësen Deel och mat aneren Zich asetzen ze kënnen.
  • D'Uspréch an d'Besoine vun engem Zuch u säin dreiwend Element kënne sech änneren. Dann ass et praktesch wann nëmmen d'Lokomotiv eng aner muss sinn an net de ganzen Zuch ausgetosch muss ginn, zum Beispill wann en Zuch deen normalerweis mat enger elektrescher Lokomotiv fiert, muss iwwer eng Streck ouni Catenaire deviéiert ginn.

Virdeeler vun Automotricen[änneren | Quelltext änneren]

  • Automotricë si méi effizient wéi Lokomotive well se mam ganze Gewiicht vun der Ramm schaffe kënne fir den Zuch a Bewegung ze setzen, respektiv fir en ofzebremsen. Eng Lokomotiv huet nëmmen hier eege Mass fir den Zuch ze beweegen.
  • Automotricë sinn méi fiabel wéi Lokomotive well se mat méi wéi engem Motor schaffen. Sollt emol ee Motor futti fueren, kann eng Automotrice trotzdeem mat reduzéierter Leeschtung weiderfueren.
  • Automotricen hunn dee grousse Virdeel datt se zwéi Führerstänn hunn an dowéinst dat dreiwend Element bei engem Richtungswiessel net muss ëmgesat ginn. Bei Lokomotive gëtt dee Manko duerch den Asaz vu Steierween kompenséiert.
  • Automotricë sinn och méi sécher wéi Lokomotiven, well bei enger Automotrice jiddwer Element seng eege Bremsen huet. Bei enger Pann un enger vun de Bremse kënnen d'Bremse vun deenen aneren Elementer den Zuch un d'Stoe bréngen.

Verschidden Type vu Lokomotiven[änneren | Quelltext änneren]

Damplokomotiven[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Damplokomotiv Nuvola apps xmag.png

Damplokomotive waren déi éischt Lokomotiven déi et gouf. Dobäi gi fossil Brennstoffer (Kuelen, Mazout) oder Holz verbrannt déi d'Waasser am Kessel zum Kache bréngen. Duerch de Waasserdamp entsteet Drock deen iwwer Pistonen an eng Rei Staangen d'Lokomotiv a Bewegung setzt.

Dieselelektresch Lokomotiven[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dieselelektresch Lokomotiv Nuvola apps xmag.png

Bei dieselelektresche Lokomotive gëtt eng Generatrice vun engem Dieselmotor ugedriwwen a sou elektresche Stroum produzéiert, mat deem een oder méi elektresch Motore gespeist ginn, déi d'Lokomotiv a Bewegung setzen.

Gasturbinnebedriwwe Lokomotiven[änneren | Quelltext änneren]

Bei Lokomotive mat Gasturbinne gëtt Gas benotzt fir elektresche Stroum ze produzéiere mat deem déi elektresch Motore gespeist ginn. No de Pëtrolskrisen an den 1970er Jore goufe vill sou Lokomotive gebaut.

Elektresch Lokomotiven[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Elektresch Lokomotiv Nuvola apps xmag.png

Elektresch Lokomotive si Lokomotiven déi de Stroum fir hir Motoren aus enger Catenaire oder enger Stroumschinn kréien. Et gëtt Lokomotive fir Gläichstroum an därer fir Wiesselstroum. Gläichstroumlokomotive kënnen de Stroum direkt an hire Motor aspeisen, während Wiesselstroumlokomotiven de Stroum mat Hëllef vun engem Transformator oder Thyristor a Gläichstroum ëmwandele mussen.

Hybridlokomotiven[änneren | Quelltext änneren]

Hybridlokomotive sinn eng relativ rezent Entwécklung bei där d'Lokomotive mat méi wéi engem System equipéiert si fir Energie ze produzéieren. Fir gewéinlech hunn Hybridlokomotiven en Dieselmotor a kënnen zousätzlech nach mat Elektrizitéit aus enger Catenaire oder Schinn fueren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lokomotiven – Biller, Videoen oder Audiodateien