Diskussioun:Lokomotiv

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
jee nodeems woumat se d'Energie produzéire fir fortzekommen.????  --91.180.6.121 07:39, 23. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien,

Automotricë sinn och méi sécher wéi Lokomotiven, wëll bei enger Automotrice jiddwer Element seng eege Bremsen huet. Bei enger Pann un enger vun de Bremse kënnen d'Bremse vun deenen aneren Elementer den Zuch un d'Stoe bréngen.

Ech hu bis elo gemengt bei engem Zuch hätt all Wagon och seng eege Bremsen. --Les Meloures 11:59, 23. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Wann ech et richteg verstanen hunn(ech sinn och keen Techniker) funktionnéiren Bremsen bei Zich mat Drockloft. Bei klassechen Wagonszich gëtt di Conduite vun der Lokomotiv aus gesteiert an wann d'Lokomotiv e Problem huet, kënnen d'Bremsen net méi betätegt ginn. Bei Automotricë huet jiddfer Element e gesonnerte Circuit, an eng Pann un engem Deel huet keen direkten Effekt op d'Bremsen vun deenen aaneren. --Luxmaster051 23:14, 29. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Lokomotiv vs. Automotrice[Quelltext änneren]

Et huet kee Sënn fir am Artikel Lokomotive mat Automotricen ze vergläichen. Dat sinn 2 Puer Schong. Eleng scho well Automotrice nëmme fir de Persouneverkéier agesat ginn. --Pecalux 06:28, 30. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]