Kanal (Waasserbau)
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Kanal ass e kënschtleche Waasserlaf, deen ugeluecht gëtt, fir Waasser an eng vum Mënsch gewollten Direction ze leeden.
Dat ka gemaach ginn, fir eng Waasserstrooss fir Schëffer ze schafen, oder soss eng Transportméiglegkeet iwwer Waasser, oder awer och fir Drénkwaasser, a Waasser fir Bewässerungen, op eng bestëmmte Plaz ze kréeien, an och am ëmgedréinte Sënn fir naass Plazen ze drainéieren, oder ganz Géigenden déi kënschtlech ugeluecht goufen, wéi z.B Polderen dréchen ze halen. Meeschtens leeft an de Kanäl Séisswaasser, mat Ausnahm vu Kanäl déi um Niveau vum Mier leien, wéi de Kanal vu Korinth de Suezkanal, déi ëmmer Salzwasser féieren, oder de Canal du Haut Dick zu Carentan deen nëmme bei Flut ënner Waasser steet.
Et ka sech dobäi ëm eng komplett kënschtlech Struktur handelen, oder ëm e Stroum oder Floss dee komplett oder deelweis kanaliséiert ass.
| Commons: Kanäl – Biller, Videoen oder Audiodateien |