Tunnel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Transportation template.svg Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Tunnel ass e kënschtleche Passage deen duerch e Bierg, ënnert engem Waasserlaf oder soss engem Hënnernes, erduerch féiert.

Et kann e Verkéierswee si fir Zich, Autoen, Schëffer oder Foussgänger. En Tunnel kann och ugeluecht gi fir d'Kanalisatiounen oder aner Leitungen.

Bei Verkéiersweeër kënnen Tunnellen eespureg oder méispureg sinn. De Bau vun Tunnellen ass relativ deier an et ginn dobäi och grouss Ufuerderungen un d'Wësse vun den Ingenieure gestallt.

Tunnellen an de Bierger ginn am Prinzip am traditionellen Tunnelverfahre gebaut a meeschtens gëtt op den zwou Säite gläichzäiteg ugefaange mat gruewen. Am flaache Land oder do wou et aus landschaftlechen Aspekte wichteg ass datt en Tunnel gebaut gëtt amplaz eng grouss oppen Tranchée ze hunn, ginn Tunnelen dacks an oppener Bauweis gebaut, dat heescht de Buedem a Gestengs ginn all ewechgeraumt, da gëtt en Tunnel, meeschtens am Béton armé gebaut, an duerno gëtt en erëm zougedeckt. Bei kuerze Längte schwätzt een dann och vun enger Ënnerféierung.

[änneren] Wou kënnt den Numm hier?

D'Wuert Tunnel ass an England entstanen a kënnt vum franséische Wuert tonelle. Duerno huet et de Wee erëm iwwer den Äermelkanal als tunnel op de Kontinent zréckfonnt.


[änneren] Déi längst Tunnelle vun der Welt

Et sinn dëst déi längst Tunnelle vun der Äerd, déi aktuell fir de Verkéier zougänglech sinn:

[änneren] Tunellen zu Lëtzebuerg

Commons: Tunnelen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen