National Science Foundation
D’National Science Foundation (NSF) ass eng onofhängeg Ariichtung vun der US-Regierung mat Sëtz zu Arlington, Virginia. Hir Aufgab ass et, d’Fuerschung a Bildung op alle Feldern vun de Wëssenschafte, mat Ausnahm vun der Medezin, finanziell ze ënnerstëtzen. Si gouf den 10. Mee 1950 gegrënnt.[1][2] Mat engem jährleche Budget vu ronn 6,9 Milliarden Dollar (2010) repräsentéiert si 20 Prozent vun de gabze Zouschëss vun der US-Regierung fir Grondlagefuerschung op Héichschoulen. A verschidde Beräicher wéi Mathematik, Informatik, Wirtschaftswëssenschafte an Sozialwëssenschafte ass d’NSF d’Haaptdrëttmëttelquell fir Fuerschung. Pro Joer gi ronn 40.000 Projetandréig gestellt, vun deenen ongeféier 10.000 gesponsert ginn. Zënter Oktober 2010 féiert d’Subra Suresh de NSF.[3]
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Fuerschungsdirektorate
D’NSF ass a 7 Direktorate organiséiert:[4]
- Biological Sciences (Molekularbiologie, Zellbiologie an organesch Biologie, Ëmweltwëssenschafte)
- Computer and Information Science and Engineering (Informatik an kënschtlech Intelligenz)
- Engineering (Biotechnologie, Ökologie, Infrastruktur, Chemie, Transportwiesen, Elektroingenieurswiesen, Noriichtentechnik, industriell Entwécklung an Produktioun)
- Geosciences (Geologie, Meteorologie an Marinewëssenschafte)
- Mathematical and Physical Sciences (Mathematik, Astronomie, Physik, Chemie and Materialwëssenschaft)
- Social, Behavioral and Economic Sciences (Neurologie, Psychologie, Sozialwëssenschafte, Anthropologie an Wirtschaftswëssenschafte)
- Education and Human Resources (Wëssenschaftspädagogik an Pädagogik vun der Mathematik fir all Alter)
Aner national Fuerschungsfërderungsariichten vun der USA sinn d’National Aeronautics and Space Administration (NASA) an d’National Institutes of Health (NIH). Op militäreschem Gebitt ass d’Defense Advanced Research Projects Agency (DARPA) bedeitend.
Vergläichbar Ariichtunge sinn d’Deutsche Forschungsgemeinschaft, d’Schwäizeresch Nationalfonds an déi britesch Royal Academy of Engineering.
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: National Science Foundation – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Websäit vum NSF
[änneren] Referenzen
- ↑ www.nsf.gov About (Abschnitt "NSF AT A GLANCE"). Aufgerufen am 7. September 2011.
- ↑ AIBS news, August 2001 (pdf)
- ↑ Biografie des Direktors der NSF, abgerufen am 15. November 2010.
- ↑ www.nsf.gov NSF Organization List. Aufgerufen am 7. September 2011.