NASA

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo vun der NASA

D'National Aeronautics and Space Administration (NASA, gegrënnt am Joer 1958) ass déi zivil US-Verwaltung fir Loft- a Raumfaart. Trennung zum militäresche Beräich an der Loftfaartfuerschung ass net vollstänneg, well d'NASA souwuel fir déi zivil wéi och fir déi militärsch Grondlagefuerschung an der Loftfaart zoustänneg ass. Si ënnerscheet sech dora vun der europäescher Weltraumorganisatioun ESA, déi no Artikel II vun hirem Statut nëmme fir zivil Weltraumfuerschung do ass an och keng Loftfaartfuerschung bedreift.

Inhaltsverzeechnes

Visioun a Missioun [änneren]

Columbia-Start , den 12. Abrëll 1981

D'Nasa seet hir Visioun wier „d'Liewen op der Äerd ze verbesseren, d'Liewen no baussen ze verbreeden a Liewen do baussen ze fannen“. Doraus ergëtt sech d'Missioun „eis Äerd ze verstoen an ze schützen, d'Universum ze erfuerschen an no Liewen ze sichen an déi nächst Generatioun vu Fuerscher ze begeeschteren“.

Space Shuttle [änneren]

D'NASA ass déi eenzeg Administratioun op der Welt déi et fäerdeg bruecht huet Mënsche mat engem Space Shuttle an de Weltall ze schéissen. Esou huet d'NASA am Ganzen 135 sougenannt "Space Transporter System" Missounen (STS) duerchgefuert. Mat STS-135 ass am Moment déi lescht dervun amgangen. No där Missioun ginn d'Shuttlen "Atlantis", "Endavour" an "Discovery" ausegmustert an a Muséeën ausgestallt.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck [änneren]

Commons: NASA – Biller, Videoen oder Audiodateien