Mission Control Center
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Mission Control Center vun der NASA fir d’ISS zu Houston, Texas
Als Mission Control Center (MCC) ginn d'Fluchkontrollzentre fir déi bemannt an onbemannt Raumfaart bezeechent.
D'Haaptaufgabe vun engem Mission Control Center läien am Austausch vun den Telemetriedonnéeë mat dem jeeweilegen Raumgefier an dem Oprechterhalen vun der audiovisueller Kommunikatioun mat der Crew vum Start iwwer de komplette Missiounsverlaf bis zu der Landung.
Weltwäit ënnerhalen en etlech Raumfaartagenturen sou Kontrollzentren:
- CNSA a China - Beijing Aerospace Command and Control Center zu Peking
- CSA a Kanada - John H. Chapman Space Centre zu Longueuil
- DLR an Däitschland - Deutsches Raumfahrt-Kontrollzentrum zu Oberpfaffenhofen
- ESA fir Europa - Europäesche Raumfluchkontrollzentrum zu Darmstadt
- NASA an den USA - Lyndon B. Johnson Space Center zu Houston
- Roskosmos a Russland - Kontrollzentrum zu Koroljow
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Space exploration control rooms – Biller, Videoen oder Audiodateien |