Roskosmos

Vu Wikipedia
Logo vun der russescher Raumfaartagentur mat kyrillescher Bezeechnung: Roskosmos
De Sarja Modul vu Roskosmos, Basis vun der ISS.

Roskosmos (Роскосмос) ass d'Raumfaartagentur vum Russesche Staatebond. D'Agentur ass fir den ziville Raumfaartprogramm vum Land zoustänneg an huet hire Sëtz am Stärestiedchen no bei Moskau. Si gouf 1992 no der Opléisung vun der Sowjetunioun an der Grënnung vum Russesche Staatebond gegrënnt an huet déi néideg Ressource vun der sowjetescher Raumfaart iwwerholl. Fréier Nimm vun der Agentur sinn RKA (Rossijskoje Kosmitscheskoje Agenstwo), RAKA (Rossiiskoje Awiazionno-Koswitscheskoje Agenstwo) an Rosaviakosmos.

Leeder vu Roskosmos ass zanter 2010 Uewerbefeelshaber vun de Raumsträitkräften Wladimir Alexandrowitsch Popowkin. Roskosmos benotzt aktuell zwou Raumfaartgaren: Plessezk bei Archangelsk a Russland, dat vum russesche Staatebond laangfristeg zu der Haaptbasis ausgebaut soll ginn, souwéi Baikonur am Kasachstan, d'Haaptbasis vun der sowjetescher Raumfaart. Fir d'benotzen vu Baikonur mussen op Basis e Pachtvertrag Steieren un Kasachstan bezuelt ginn. Als méiglech Alternativ zu Baikonur gouf Swobodny am wäiten Oste vu Russland a Betruecht gezu ginn. Vill Rakéite goufen och vum Startkomplex Kapustin Jar op der Wolga fortgeschoss.

Laang Zäit gouf d'Raumstatioun Mir vun der russescher Raumfaartagentur gefouert, déi sech trotz Finanzéierungsschwieregkeeten nach aacht Joer méi laang wéi virgesinn am Déngscht gehalen hat. Si gouf den 23. Mäerz 2001 opginn, well een sech op d'ISS konzentréiere wollt.

Zanter der Astellung vum Space-Shuttle-Programm bedeelegt Russland sech elo haaptsächlech beim Ravitaillement vun der ISS, woubäi Sojus-Rakéite mam Sojus-Raumschëff a mam Progress-Raumtransporter agesat ginn.

Roskosmos ass Vollmember vum Consultative Committee for Space Data Systems (CCSDS).

Raumfaartprogramm 2006-2015[änneren | Quelltext änneren]

Den 22. Oktober 2005 gouf de Raumfaartprogramm 2006-2015 vun der russescher Regierung offiziell ugeholl.

Den neie Raumfaartprogramm huet fir d'Joren 2008 bis 2010 virun allem virgesinn, d'Ausféierung vum Satellittepark duerch nei Kommunikatiouns-, Wieder- an Äerdobservatiounssatellitten ze verbesseren. Zudeem sollt de Bau vun neien ISS-Moduler, d'Fobos-Grunt-Marsmissioun, d'Venera-D-Venusmissioun, d'Luna-Glob-Moundmissioun an en ettlech wëssenschaftlech Satellitte finanzéiert ginn.

Weiderhi steet d'Moderniséierung vun de russeschen Drorakéiten op dem Programm: Déi ofschléissend Aarbechten un de Sojus-2 an Angara-Rakéiten, Konzeptstudien iwwer Weiderentwécklungen (z. B. Sojus-3) souwéi e Projet zu der Entwécklung vu recycléierte Dréier vun der nächster Generatioun, an deem Russland zesumme mat der ESA schafft (Orjol-Programm). Och de Kliper-Programm gouf budgetéiert, d'Raumschëff sollt 2012 oder 2013 säin Éischtfluch absolvéieren an nom Kaf vum Hiersteller RKK Energija duerch Roskosmos am Juli 2007 ganz agestallt ginn. Et soll dann duerch d'Raumschëff Rus an déi bäigeuerdert Rus-M-Drorakéit ersat ginn, déi 2011 awer och gestrach goufen.[1]

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Zanter der Grënnung hat Roskosmos follgend Leeder:

  1. Juri Koptew (Februar 1992 bis Mäerz 2004)
  2. Anatoli Perminow (Mäerz 2004 bis Abrëll 2011)
  3. Wladimir Popowkin (Abrëll 2011 bis Oktober 2013)
  4. Oleg Ostapenko (zanter Oktober 2013)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sowjetescht a Russescht Raumfaartprogramm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FliegerRevue Juni 2010, S.54-59, Russlands neues Raumschiff