International Raumstatioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kmoon.png Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
International Raumstatioun
ISS am Dezember 2006, Foto vum Space Shuttle Discovery
ISS am Dezember 2006,
Foto vum Space Shuttle Discovery
Logo
Logo vun der Internationaler Raumstatioun
Moossen an Ennausbau
Spannwäit: 108,6 m
Längt: 97,9 m
Déift: 27,5 m
Rauminhalt: 1.140 m3
Mass: 400 t
Ëmlafbunn
Apogeum: 330–410 km[1]
Perigeum: 330–390 km[1]
Bunnschréiegt: 51,6°
Ëmlafzäit: 92 min
Relativgeschwindigkeet: 29.000 km/h
Energieversuergung am Ennausbau
Elektresch Leeschtung: 110 Kilowatt
Solarzellenfläch: 4.500 m2

D'International Raumstatioun (engl. International Space Station, ISS) ass eng an internationaler Kooperatioun entstanen, nach net komplett fäerdeg, awer scho besat Raumstatioun. Um Projet sinn nieft der amerikanescher NASA an der russescher Raumfaartagentur Roskosmos och europäesch Staate bedeelegt. All ESA-Staaten ausser Groussbritannien, Irland, Portugal, Éisträich, Finnland a Griicheland hunn de Vertrag iwwer de Bau vun der Statioun am Joer 1998 ënnerschriwwen. Weider bedeelegt sinn d'kanadesch an d'(JAXA) japanesch Raumfaartagenturen. Brasilien hat mat den USA e separat Ofkommes iwwer d'Benotze vun der ISS.

D'Pläng fir eng grouss, international Raumstatioun gi bis an déi 1980er Joren zréck. D'Statioun war deemools nach ënner dem Numm (Freedom oder Alpha) geplangt. D'ISS ass zanter 1998 am Bau an ass am Moment dee gréissten vu Mënschenhand geschafenen Objet am Äerdorbit. Si kreest an zirka 350 km Héicht mat enger Bunnschréiegt vun 51,6° all 92 min ëm d'Äerd a soll no hirer Fäerdegstellung am Joer 2010 maximal Ofmiessunge vun ongeféier 110 x 90 x 30 m erreechen. Duerno soll si mindestens bis an Joer 2016 weiderbedriwwe ginn.

Wéinst der weltwäitern Kooperatioun an den ëmfankräichen Investitiounen kann d'ISS als de gréissten zivillen an internationale Projet vun der Geschicht bezeechent ginn. Dëst huet besonnesch nom Enn vum Kale Krich an dem Bäitrëtt vu Russland zum Projet ee bedeitende Symbolwäert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: International Raumstatioun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]