Raumstatioun

Vu Wikipedia
Déi International Raumstatioun ISS de 7. Mäerz 2011, opgeholl aus dem Space Shuttle Discovery
Déi russesch Raumstatioun Mir am Joer 1998
Skylab, déi bis elo eenzeg US-amerikanesch Raumstatioun, am Joer 1974
Fichier:Salyut7 with docked spacecraft.jpg
Déi sowjetesch Raumstatioun Saljut 7 mat ugekoppeltem Sojus-Raumschëff

Raumstatioune si Raumfluchkierper, déi meeschtens am Orbit vun engem Himmelskierper sinn an et Mënsche méiglech mécht, sech laang Zäit dran opzehalen an ze liewen. Si sinn, well si selwer keen Undriff hunn, op Raumgefierer fir Transport ugewisen. Niewen de Raumstatioune ginn och Raumlaboratoiren agesat, déi eng Ënnerform vun de Raumstatioune sinn.

Problemer[änneren | Quelltext änneren]

Déi technesch Erausfuerderung beim Betrib vun enger Raumstatioun ass virun allem d'Versuergung vun der Crew. Duerch déi héich Käschte beim Transport hu misse Systemer entwéckelt ginn, déi de Betrib vun enger Raumstatioun zum groussen Deel autark erlaben, d. h. an engem zouene Kreeslaf. Besonnesch bei der Opbereedung vu Waasser a Loft goufen dobäi grouss Fortschrëtter gemaach.

D'Ëmlafbunn ëm d'Äerd ass an 300 Kilometer Héicht net stabil, well d'Äerdatmosphär, obschonn s'an där Héicht danz dënn ass, d'Raumstatioune stänneg ofbremst. Ouni reegelméissege Schub a méi héich Ëmlafbunne géife Raumstatiounen dofir no e puer Méint oder Joer nees an d'Äerdatmosphär antrieden. Och d'Gravitatioun vun aneren Himmelskierper kann d'Ëmlafbunn vun enger Raumstatioun stéieren. Raumstatioune brauchen dofir eng stänneg Alimentatioun, besonnesch vun Dreifstoff fir Kurskorrekturen.

D'Raumstatiounen am Eenzelen[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Raumstatioun war 1971 déi sowjetesch Saljut 1. Eng vun de bedeitendste Raumstatioune war déi sowjetesch Statioun Mir, déi bal 15 Joer laang schrëttweis ausgebaut a benotzt gouf. Mat der ISS ass haut eng Raumstatioun an internationaler Kooperatioun permanent besat.

Bis elo goufen 12 Raumstatiounen an d'Äerdëmlafbunn bruecht, dovu goufen der zéng bemannt:

Numm Start Ofstuerz Zuel vu Laangzäitequippen Besat Deeg Mass a kg Bemierkung
Saljut 1 19. Abrëll 1971 11. Oktober 1971 1 24 018.500 All dräi Crewmembere sinn um Réckfluch beim Neesantrëtt an d'Aerdatmosphär gestuerwen.
Saljut 2 3. Abrëll 1973 28. Mee 1973 0 0 018.500 Drockverloscht an Instrumentenausfall hunn zu engem virzäitegen Ofstuerz vun der Statioun gefouert.
Kosmos 557 11. Mee 1973 22. Mee 1973 0 0 019.400 hat kee stabilen Orbit erreecht.
Skylab 14. Mee 1973 11. Juli 1979 3 171 077.088 bis elo eenzeg US-amerikanesch Raumstatioun.
Saljut 3 24. Juni 1974 24. Januar 1975 1 15 018.500  
Saljut 4 26. Dezember 1974 2. Februar 1977 2 92 018.500  
Saljut 5 22. Juni 1976 8. August 1977 2 67 019.000  
Saljut 6 29. September 1977 29. Juli 1982 6 683 019.824 éischt nees optankbar Raumstatioun.
Saljut 7 19. Abrëll 1982 7. Februar 1991 5 816 018.900  
Mir 19. Februar 1986 23. Mäerz 2001 28 4594 124.340 wëssenschaftlech erfollegräich Statioun.
ISS 20. November 1998 geplangt 2024 bis elo 40 4995* 303.663 an internationaler Kooperatioun, et feelen nach véier russesch Moduler (Nauka, zwéi Science Power Modules an e klenge Kopplungsmodul) an en amerikanesche Modul BEAM
Tiangong 1 29. September 2011 fréistens 2014 bis elo 2 21* 008.506 bis elo eenzeg chineesesch Raumstatioun

Geplangt Raumstatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Där am Juni 2012 mat Shenzhou 9 fir d'éischt bemannter Raumstatioun Tiangong 1 sollen no Plang vun der chineesescher Raumfaartorganisatioun CNSA op Basis vun de gewonnenen Erfarungen tëscht 2014 an 2016 Tiangong 2 an Tiangong 3 nokommen.

Méiglech weider Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Owen Garriott (Skylab 3 - 1973)

Nei Raumstatioune kéinten a gréisserer Distanz zu der Äerd op engem Lagrange-Punkt vum Äerd-Mound-System positionéiert ginn. D'Lagrange-Punkten L4 an L5 erméiglechen der Raumstatioun e stabillen Orbit, wat déi néideg Kurskorrekturen an domat den Dreifstoffverbrauch staark reduzéiere géif. Allerdéngs ass d'Intensitéit vun der kosmescher Stralung op enger grousser Distanz zu der Äerd vill méi grouss, well do de Schutz duerch d'Äerdmagnéitfeld feelt. Fir sou eng Raumstatioun wier et also noutwendeg, besonnesch Virkéierunge fir de Straleschutz ze treffen.

E méiglecht Konzept fir zukünfteg Raumstatioune wieren zum Beispill d'O'Neill-Kolonien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Raumstatioun – Biller, Videoen oder Audiodateien