Raumschëff
Als Raumgefier oder Raumschëff, munnechmol och (wéinst dem Gebrauch vu Landekapselen fir de Retour op d'Äerd) Raumkapsel genannt, am Engleschen heefeg ofgekierzt als S/C fir spacecraft, ginn am Allgemengen all Gefierer bezeechent, déi fir d'Fortbeweegung am Weltraum gebaut goufen.
Inhaltsverzeechnes |
Andeelung [änneren]
Als Raumgefier ginn (analog zu Waassergefier a Loftgefier) allgemeng Gefierer bezeechent, déi haaptsächlech fir d'Fortbeweegung baussenzeg vun der Äerdatmosphär gebaut sinn an op techneschem Wee Bunnännerungen virhuele kënnen. E Raumgefier, mat deem Transport- a Versuergungsflich zu Raumstatiounen gemaach ginn, bezeechent een als Raumtransporter oder Versuergungsraumschëff. Bei alle bis elo entwéckelten Raumtransporteren handelt et sech ëm onbemannt Raumgefierer. Déi nëmme rar ageschränkt manövréierfäheg onbemannt Raumsonden, Raumstatiounen a virun allem Satellitte gi meeschtens direkt den iwwergeuerdente Raumfluchkierper zougeschriwwen, obwuel och si mat eegenem Undriff fir Bunnkorrekturen ausgerëscht sinn an domat Eegeschafte vu Raumgefierer opweisen. Och Raumgezei (virun allem wéi d'Manned Maneuvering Unit) sinn den Raumgefierer zouzeschreiwen.[1]
Raumschëffer sinn ëmgangssproochlech an am enke Sënn Raumgefierer, déi am Kader vun der bemannter Raumfaart fir de Persounen- oder Frachttransport am Weltraum gebaut goufen. Awer och modular opgebaut Systemer, déi aus Undriffseenheet, Landekapsel a Sektioune fir Laascht (Notzlaascht, ofgekierzt P/L fir engl. payload) a Crew bestinn, ginn als Raumschëff bezeechent.
Zu de bemannte Raumgefierer gehéieren och d'Raumfähren a Raumfliger déi méi dacks gebraucht kënne ginn, an d'Raumkapselen déi nëmmen deelweis nees gebraucht kënne ginn. Well déi éischt bemannt Raumfluchkierper wéi Wostok a Mercury nach keng Bunnännerungen erlaabt hunn, stelle si nach keng Raumgefierer am eigentleche Sënn duer.
Geschicht [änneren]
- Haaptartikel: Geschicht vun der bemannter Raumfaart
Den éischte bemannte Raumfluchkierper am Weltall war de sowjeteschen eesëtzegen Wostok 1, deen den 12. Abrëll 1961 d'Äerd verlooss an d'Äerd eenmal ëmkreest hat. D'USA konnten e puer Woche méi spéit, de 5. Mee 1961, am Kader vum Mercury-Programm e suborbitale Fluch vu 16 Minutten duerchféieren. Duerno goufen déi zwou- bis dräisëtzeg Woschod-, Gemini- a Sojus-Raumschëffer agesat. Spéider si mat dem Apollo-Programm déi bis elo eenzeg Missiounen gestart, an deenen Mënschen den Orbit vun der Äerd verlooss haten. Dëst waren d'Flich op den Äerdmound mat den Apollo-Raumkapselen. Déi éischt Missioun, Apollo 8, war op de Mound geflunn, huet en zéngmol ëmkreest an war nees op d'Äerd zeréckgeflunn. Mat dem US-amerikanesche Space Shuttle koum an den 1980er Joren dat éischt recycléiert Raumgefier zum Asaz. Mat him konnte bis zu siwen Astronauten an de Weltraum fléien. Als bis elo lescht Natioun koum 2003 d'Volleksrepublik China an d'Grupp vun de Natiounen, déi bemannte Raumschëffer bauen a starten. An Zukunft wëllen och privat Firmen (z. B. mat SpaceShipTwo) wéi och aner Länner wéi zum Beispill Indien bemannt Raumgefierer entwéckelen.
Fréier a geplangt Raumschëffer [änneren]
Bis zu der Aféierung vum Space Shuttle huet d'NASA ausschléisslech Raumschëffer mat Landekapselen benotzt déi net méi duerno konnte gebraucht ginn.
Am Géigesaz zu der NASA hat sech déi russesch Raumfaart ni vun der Kapseltechnologie getrennt, obwuel et mat dem Buran-Programm Versich dozou gouf. Obgläich de Grondkonzept aus den 1960er Jore staamt, gëllen haut d'Sojus-Raumschëffer an d'Progress-Transporter déi op derselwechter Technologie baséieren, als déi zouverlässegst Fluchgefierer fir d'Versuerge vun der Internationaler Raumstatioun.
| Programm | Staat | Asaz | Crew | Drorakéit | Bemierkungen |
|---|---|---|---|---|---|
| Mercury | USA | 1959-1963 | 1 | Redstone, Atlas | |
| Wostok | UdSSR | 1960-1963 | 1 | Wostok | |
| Gemini | USA | 1964-1966 | 2 | Titan | |
| Woschod | UdSSR | 1964-1966 | 2 oder 3 | Woschod | |
| Apollo | USA | 1966-1975 | 3 | Saturn IB, Saturn V | |
| Sojus | UdSSR/Russland | zënter 1966 | 1 bis 3 | Sojus | |
| TKS | UdSSR | 1976-1985 | 3 (geplangt) | Proton | war onbemannt geflunn |
| Space Shuttle | USA | 1981-2011 | 2 bis 8 | Space Transportation System (STS) | Leschten Asaz am Juli 2011[2] |
| Buran | UdSSR | 1988 | 3 bis 6 | Energija | gouf nëmmen eemol onbemannt gestart |
| Shenzhou | China | zënter 1999 | bis zu 4 | CZ-2F | |
| SpaceShipOne | USA | 2004 | bis zu 3 | White Knight | suborbital, net staatlech, vun der Firma Scaled Composites |
| Dragon | USA | zënter 2010 | bis zu 7 | Falcon 9 | net staatlech, vun der Firma SpaceX (am Opdrag vun der NASA); bemannte Flich fréiestens ab 2014 |
| SpaceShipTwo | USA | ab 2011 (geplangt) | bis zu 8 | White Knight Two | suborbital, net staatlech, vun der Firma Scaled Composites |
| Dream Chaser | USA | ab 2014 (geplangt) | bis zu 7 | Atlas V | net staatlech, vun der Firma Sierra Nevada Corporation (fréier. SpaceDev) |
| CST-100 | USA | ab 2015 (geplangt) | bis zu 7 | Atlas V | net staatleich, vun der Firma Boeing |
| MPCV | USA | ab 2013 (geplangt) | 6 | SLS | an Entwécklung |
Opbau an Technik [änneren]
Wéi bei jiddfer Raumfluchkierper besteet och e Raumgefier aus verschiddene zum Betrib vum Fluchkierper noutwendege Strukturen a Subsystemen. Dës bestinn aus der Primärstruktur, an déi déi weider Subsystemer integréiert ginn. Dozou gehéieren d'Energieversuergung (Solarzellen, Akkumulatoren), d'Temperaturkontrollsystem an de Bordrechensystem fir Steierung an Datenmanagement. Well d'Haapteegeschaft vu Raumgefierer seng Fähegkeet fir Bunnännerung ass, kënnt bei him en entspriechend Undriffssystem fir d'Lag-, Positiounsreegelung (Bunnreegelung) an (wa geplangt) Dreifwierker fir den Antrëtt oder Verloossen vun enger Ëmlafbunn oder fir d'Landung zum Asaz. Den Haaptundriff am loftfräie Raum erfollegt haut nach meeschtens duerch konventionell Rakéitendriffwierker. D'Sonneseegel ginn nach net vu Raumgefierer genotzt.
Bei bemannte Raumgefierer ass zousätzlech e Liewenserhalungssystem installéiert, dat dee Mënsch u Bord en Iwwerliewen am Weltraum erméiglecht. Gläichzäiteg gi bei dësen souwuel d'Drorakéit wéi och d'Raumgefier konstruktiv sou ausgeluecht, datt si géigeniwwer den onbemannte Versiounen eng erhéichten Zouverléissegkeet a Feelertoleranz hunn. Dës gëtt zum Beispill duerch erhéichte Redundanz un zousätzlech Sécherungs- an Iwwerwaachungssystemer zu der Erkennung, Vermeidung an Ofwier vu Feelersituatiounen realiséiert. Sou ginn fir besonnesch risikoräich Momenter vum Raumfluch (zum Beispill Start a Landung, Docking) entspriechend Bestëmmungen getraff. Dëst reecht vum Startofbroch (kuckt z. B. Space Shuttle abort modes), Rettungsrakéiten bis hin zu der Kontroll vum Raumgefiert am Orbit (z. B. Rendezvous Pitch Maneuver beim Space Shuttle).
Bei Raumgefierer, déi fir den Neesantrëtt an d'Atmosphär vun der Äerd (oder aner Himmelsobjete) an déi (mëll) Landung op der Uewerfläch resp. Waasserlandung ausgeluecht sinn, gëtt nach en Hëtzschëld resp. e Landesystem gebraucht. Bei der Landung op Himmelskierper ouni Atmosphär (wéi den Äerdmound) kann op en Hëtzschëld verzicht ginn. D'Landesystemer ënnerscheede sech zum Deel enorm. Während bei den éischte Raumfluchkierper (wéi z. B. Wostok) d'Landesystem aus engem Schleidersëtz an engem Fallschierm fir de Raumfuerer bestoung, koume bei spéidere Systemer meeschtens Fallschiermsystemer an an der Endphas vun der Landung Bremsrakéiten oder och Airbaglandesystemer zum Asaz. Raumfähren a Raumfliger lande wéi e Fliger op enger Landebunn. Bei den US-amerikanesche Moundfähren a bei geplangten zukünftege Raumgefierer gëtt och eng reng Landung mat Bremsrakéiten agesat.
Am Géigesaz zu recycléierbare Raumfähren wéi dem US-amerikanesche Space Shuttle si bemannt Raumfluchkierper, deenen hir Crew mat Landekapselen op d'Äerd zréckbruecht ginn, technesch manner opwendeg an dofir méi bëlleg. Si konnten allerdéngs bis elo nëmmen eemol agesat ginn, well d'Hëtzschëld vun der Landekapsel net recycléierbar ass, a beim Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär staark abiméiert gëtt. Et gouf bei de Landekapselen op eng aerodynamesch Form verzicht, well si sech haaptsächlech am Weltraum beweegen a bei der Landung net fléien, mä u Fallschiermer op de Buedem zréckkommen. Trotzdeem hunn d'Landekapselen eng bestëmmt Form, déi et erlaabt, während dem Antrëtt an d'Äerdatmosphär de Kurs an d'Stabilitéit bäizebehalen.
Literatur [änneren]
- Ernst Messerschmid, (et al.): Raumfahrtsysteme - eine Einführung mit Übungen und Lösungen. Springer, Berlin 2009, ISBN 978-3-540-77699-4
- Mark Davies: The standard handbook for aeronautical and astronautical engineers. McGraw-Hill, New York 2003, ISBN 0-07-136229-0
- Jacob J. Wijker: Spacecraft structures. Springer, Berlin 2008, ISBN 978-3-540-75552-4
- Michael D. Griffin, James R. French: Space vehicle design. American Institute of Aeronautics and Astronautics, Reston 2004, ISBN 1-56347-539-1
- Marshall H. Kaplan: Modern spacecraft dynamics & control. Wiley, New York 1976, ISBN 0-471-45703-5
- A. M. Cruise: Principles of space instrument design. Cambridge Univ. Press, Cambridge 1998, ISBN 0-521-45164-7
- Martin Tajmar: Advanced space propulsion systems. Springer, Wien 2003, ISBN 3-211-83862-7
- Marc G. Millis (et al.): Frontiers of Propulsion Science. American Inst. of Aeronautics & Astronautics, Reston 2009, ISBN 1-56347-956-7
- Valérie Kayser: Launching space objects - issues of liability and future prospects. Kluwer Acad. Publ., Dordrecht 2001, ISBN 1-4020-0061-8
- Dave Doody: Deep space craft - an overview of interplanetary flight. Springer, Berlin 2009, ISBN 978-3-540-89509-1
Um Spaweck [änneren]
| Wiktionnaire: Raumschëff – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen |
| Commons: Raumgefierer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Eugen Reichl; Bemannte Raumfahrzeuge; ISBN 978-3-613-02981-1
- ↑ http://www.spiegel.de/wissenschaft/weltall/0,1518,773335,00.html