Mercury-Programm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
De Mercury-Logo
Mercury-Raumschëff mat Rettungsrakéit

De Mercury-Programm war den éischte bemannte Raumfaartprogramm vun den USA. En huet vun 1958 bis 1963 gedauert an hat als Zil, e Mënsch am Orbit ëm d'Äerd fléien ze loossen. D'Fréiphas gouf vun der National Advisory Committee for Aeronautics (NACA) geplangt an e gouf vun der nei gegrënnter NASA duerchgefouert.

Dem Mercury-Programm goung de Manhigh-Programm vun der US Air Force viraus, bei deem mat Ballonfaarten an d'Stratosphär d'Auswierkung vun der kosmescher Stralung op de Mënsch ënnersicht gouf.

D'Strategie[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks Oktober 1958 gouf beschloss, e bemannte Raumfaartprogramm an den USA duerchzeféieren. D'Pläng hate virgesinn, e Raumschëff mat engem Mënsch orbital ëm d'Äerd kreesen ze loossen. An der Fréiphas gouf vun engem bemannte Satellit geschwat.

Fir dee Programm ausféieren ze kënnen, hu misse verschidde Systemer entworf a getest ginn. Sou gouf am Langley Research Center e Programm fir eng voll gesteiert Fallschiermlandung entwéckelt. Mat Hëllef vun der United States Air Force, déi schonn Erfarungen op deem Gebitt hat, goufen d'Rakéiten erausgesicht. Well déi awer nëmme fir militäresch Zwecker gebaut waren, hu se misse weiderentwéckelt ginn. Et huet sech dobäi an éischter Linn ëm d'Atlas- an d'Redstone-Rakéite gehandelt. Un der Redstone war och déi däitsch Grupp ëm de Wernher von Braun bedeelegt.

De 26. November 1958 gouf den Numm Mercury offizielle Projetsnumm.

D'Mercury-Raumkapsel[änneren | Quelltext änneren]

Dat Bannescht vum Mercury-Raumschëff

D'Mercury-Raumkapsel gouf ënner der Leedung vum Maxime Faget vun der NASA entwéckelt. Méi wéi zwanzeg Industrien hate matgeschafft. Den Zouschlag fir de Bau vum Raumschëff krut d'Firma McDonnell Aircraft Corporation.

D'Startmass vun der Kapsel war 1.935 kg, d'Héicht ouni Rettungsrakéit 3,51 m, de gréissten Duerchmiesser war 1,89 m. Bei engem Feelstart konnt d'Raumkapsel duerch eng Rettungsrakéit vun der Rakéit getrennt an a Sécherheet bruecht ginn. D'Rettungsrakéiten hunn ni brauchen agesat ze ginn.

Den Astronaut konnt d'Lag an d'Fluchbunn vun der Kapsel mat der Handsteierung beaflossen, d'Raumkapsel hat awer och eng Arichtung, déi et der Buedemequipe erlaabt huet, d'Raumschëff vollstänneg ze steieren. D'Raumkapsel gouf vun engem Astronaut geflunn.

De Raum an der Kapsel hat e Volume vun 1,7 Kubikmeter an den Astronaut konnt d'Kapsel iwwer 55 Schalteren, 30 Sécherungen a 35 Hiewele bedéngen. Eng wichteg Aufgab beim Neesantrëtt vun der Raumkapsel an d'Atmosphär hat d'Hëtzschëld. Beim Neesantrëtt hu Vitessekräfte vu 4 g op den Astronaut gewierkt. Nom Neesantrëtt gouf d'Kapsel mat Fallschiermer ofgebremst an ass um Mier gelant.

D'NASA hat 20 Raumkapsele bestallt. Zousätzlech goufe weider, net fluchfäeg Modeller fir Versich gebaut.

Déi éischt Tester[änneren | Quelltext änneren]

Little Joe mat Mercury-Testraumschëff

Mat Hëllef vun der Versuchsrakéit Little Joe, déi schonn disponibel war fir ballistesch Bunnen ze testen, konnten éischt Tester mat dem Raumschëff an der Rettungsrakéit gemaach ginn.

Donieft gouf op Basis vun enger Atlas-Rakéit d'„Big Joe“-System agefouert, mat deem e Raumschëff héich genuch an de Weltraum geschoss konnt ginn, fir de kriteschen Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär ze testen an ze trainéieren.

Den 13. Dezember 1958 gouf de Saimiriaf Gordo op der Spëtzt vun enger Jupiter-C-Rakéit vun der U.S. Army an d'Schwéierlosegkeet geschoss, där hien 8,3 Minutten ausgesat war. De Gordo hat de Start an d'Landung iwwerlieft, war awer am Ozean erdronk wéinst engem mechanesche Feeler vun de Fallschiermfunktiounen mat der Rakéitespëtzt.[1]

Genee sou hat d'Entwécklung vum Hëtzschëld fir d'Mercury-Landekapsel ugefaangen. Etlech Teststarter waren am Laf vu Februar a Mäerz feelgeschloen.

Sytem vun der Rettungsrakéit

D'Rettungssystem[änneren | Quelltext änneren]

D'Rettungssystem vum Raumschëff hat beim zweete Start am Abrëll 1959 plangméisseg funktionéiert an d'Landekapsel war virschrëftsméisseg am Atlantik gelant, sou datt d'Raumschëff vun engem Helikopter gebuerge konnt ginn.

Mat engem Schwäin, Gentle Bess, hat McDonnell d'Opschlagssteifegkeet vun der Landekapsel ausprobéiert. Den Test war erfollegräich, d'Schwäin hat iwwerlieft. Weider Tester mat Schwäin hat d'NASA ofgeleent, well Schwäin net laang a Sëtzpositioun iwwerliewe kënnen.

Déi béid Afen Able a Baker goufen den 28. Mee 1959 mat enger Jupiter-Rakéit 480 km an de Weltraum geschoss. Si waren 2.735 km vum Cape Canaveral ewech gelant an haten de Fluch iwwerlieft.

Am September war e Mercury-Testfluch mat enger Big Joe Atlas bal zu honnert Prozent erfollegräich. Wäertvoll Erkenntnesser iwwer den Neesantrëttswénkel an d'Temperaturen um Hëtzschëld goufe gemaach.

De 4. Dezember 1959 gouf mat der Missioun Little Joe 2 de Rhesusaf Sam gestart fir d'Funktionalitéit vum Rettungssystem ze testen. Et sollten och medezinesch Erkenntnesser beim Fluch gewonne ginn. Den Test war erfollegräich, an de Sam hat iwwerlieft. En zweeten Test Little Joe 1B mat dem Rhesusaf Miss Sam war den 21. Januar 1960 genee sou erfollegräich.

D'Sich no Astronauten[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks 1959 goufen d'Critère bei der Auswiel vun de Piloten opgestallt. Déi waren:

  • Alter ënner 40 Joer
  • Kierpergréisst ënner 180 cm
  • Ausgezeechent physesch Konditioun
  • Bachelor-Ofschloss
  • Ofschloss als Test- an Jetpilot
  • Op d'mannst 1.500 Stonne Flucherfarung

Am Februar 1959 goufen 110 Kandidate fir de Mercury-Programm getest. Den 9. Abrëll 1959 goufen op enger Pressekonferenz zu Washington (D.C.) déi siwen ausgewielt Mercury-Astronauten dem Publikum virgestallt. Et waren:

"Mercury Seven"[änneren | Quelltext änneren]

D'Zuel 7, déi un den Numm vu jiddwer eenzelnem Raumschëff bäigesat gouf an déi sech och am Logo vun der Missioun erëmfënnt, ass op déi siwen Astronauten zréckzeféieren. Domat sollt déi gutt Zesummenaarbecht demonstréiert a bei jiddwer eenzelner Missioun un d'Team erënnert ginn.

Jiddwer Astronaut krut e Spezialgebitt vun de Missiounsvirbereedungen zougeschriwwen.

Start vun der éischter bemannter Missioun – Freedom 7
Mercury Atlas 9 op der Startramp

Mercury-Redstone an Mercury-Atlas[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem Mëtt 1960 déi éischt Atlas- a Redstone-Rakéite souwéi d'Raumschëffer ugeliwwert waren, konnt den 29. Juli 1960 d'Mercury-Atlas 1 (MA-1) Missioun gestart ginn. Awer schonn no 59 Sekonnen hat d'Rakéit wéinst engem Strukturfeeler gesprengt misse ginn. D'Mercury-Raumschëff goung dobäi verluer, well kee Rettungssystem dobäi war. No dësem Feelschlag gouf de Projet e puer Méint laang ënnersicht.

Während där Zäit goufen déi siwen Astronaute mat ënnerschiddlechste medezineschen a physeschen Tester op hiren éischte Fluch virbereet. Et gouf eng Zentrifug fir Tester vun de Schwéierkraaftbelaschtungen installéiert an e grousse Waassertank, fir d'Schwéierlosegkeet ze simuléieren.

D'Mercury-Redstone 1 (MR-1) Missioun gouf ofgebrach wéi den 21. November 1960 beim Start vun der Rakéit op der Startplaz nëmmen d'Rettungssystem aktivéiert gouf. D'Ersatzmissioun, Mercury-Redstone 1A (MR-1A), war dogéint den 19. Dezember 1960 ouni Problem verlaf. D'Raumschëff hat eng Héicht vu ronn 210 km erreecht a gouf no senger Waasserlandung 15 Minutten duerno vun engem Helikopter aus dem Atlantik gefëscht.

Den 31. Januar 1961 gouf mat der Mercury-Redstone 2 (MR-2) Missioun de Schimpans Ham an de Weltraum geschoss. Kleng Feeler haten dozou gefouert, datt d'Raumschëff méi héich a méi wäit geflunn war wéi ufanks geplangt a berechent war. Eng onbemannt Missioun, Mercury-Atlas 2 (MA-2), war den 21. Februar 1961 erfollegräich verlaf.

Déi onbemannt Mercury-Atlas 3 (MA-3) Missioun vum 25. Abrëll 1961 war dogéint e Feelschlag. Nodeem sech nom Start d'Rakéit net wéi virgesinn ëm 70° gedréit hat, fir op déi virgesinne Fluchbunn ze kommen, gouf d'Rettungssystem aktivéiert an d'Landekapsel ofgetrennt. D'Atlas-Rakéit gouf kuerz drop gesprengt.

Bemannt Flich[änneren | Quelltext änneren]

Mam Start vum Alan Shepard an der Mercury-Redstone 3 (MR-3) hat fir d'Amerikaner de 5. Mee 1961 den Zäitalter vun der bemannter Raumfaart ugefaangen. Zwar waren déi éischt Flich nëmme ballistesch; si konnten awer d'Zouverlässegkeet vun der Technik beweisen an datt et méiglech ass, e Mënsch héije Vitesse beim Start a bei der Landung auszesetzen. Eréischt vun der Mercury-Atlas 6 gouf d'Äerdëmlafbunn erreecht.

Fluch-Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

Missioun Numm vum Raumschëff Start Dauer Crew Bemierkung
Mercury-Little-Joe 1 21. August 1959 20 s onbemannt atmosphäresche Fluch, Feelzündung vum Rettungssystem virum Start
Mercury-Big-Joe 1 9. September 1959 13 min onbemannt suborbitale Fluch, deelweis erfollegräich, éischt Mercury am Weltall
Mercury-Little-Joe 6 4. Oktober 1959 5 min onbemannt atmosphäresche Fluch fir d'Préiwung vun der Rettungsrakéit
Mercury-Little-Joe 1A 4. November 1959 8 min onbemannt atmosphäresche Fluch, Feelstart
Mercury-Little-Joe 2 4. Dezember 1959 11 min Rhesusaf Sam éischten amerikanesche Start mat engem Af, Testfluch gouf ofgebrach
Mercury-Little-Joe 1B 21. Januar 1960 8 min Rhesusaf Miss Sam Fluchofbroch erfollegräich geprouft
Mercury-Atlas 1 29. Juli 1960 3 min onbemannt atmosphäresche Fluch, Feelstart
Mercury-Little-Joe 5 8. November 1960 2 min onbemannt atmosphäresche Fluch, wéineg erfollegräich
Mercury-Redstone 1 21. November 1960 2 s onbemannt Feelstart
Mercury-Redstone 1A 12. Dezember 1960 15 min onbemannt suborbitale Fluch
Mercury-Redstone 2 31. Januar 1961 16 min Schimpans Ham suborbitale Fluch, éischten Af am Weltall
Mercury-Atlas 2 21. Februar 1961 17 min onbemannt suborbitale Fluch
Mercury-Little-Joe 5A 18. Mäerz 1961 23 min onbemannt suborbitale Fluch
Mercury-Redstone BD 24. Mäerz 1961 8 min onbemannt suborbitale Fluch
Mercury-Atlas 3 25. Abrëll 1961 7 min onbemannt Feelstart
Mercury-Little-Joe 5B 28. Abrëll 1961 5 min onbemannt atmosphäresche Fluch, deelweis erfollegräich
Mercury-Redstone 3
Freedom 7 insignia.jpg
Freedom 7 5. Mee 1961 15 min Alan Shepard suborbitale Fluch, éischten Amerikaner am Weltraum
Mercury-Redstone 4
Mercury 4 - Patch.jpg
Liberty Bell 7 21. Juli 1961 15 min Virgil Grissom suborbitale Fluch
Mercury-Atlas 4   13. September 1961 1 h 49 min onbemannt déi éischt erfollegräich Äerdëmkreesung an dësem Programm
Mercury-Atlas 5   29. November 1961 3 h 20 min Schimpans Enos dräi Äerdëmkreesunge geplangt, zwou duerchgefouert
Mercury-Atlas 6
Mercury 6 - Patch.jpg
Friendship 7 20. Februar 1962 4 h 55 min John Glenn éischten Amerikaner an der Äerdëmlafbunn, mat klenge Problemer duerchgefouert wéi geplangt, 3 Äerdëmkreesungen
Mercury-Atlas 7
Mercury 7 - Patch.jpg
Aurora 7 24. Mee 1962 4 h 56 min Scott Carpenter trotz schwaacher Piloteleeschtung erfollegräich 3 Äerdëmkreesungen
Mercury-Atlas 8
Mercury-8-patch.png
Sigma 7 3. Oktober 1962 9 h 13 min Walter Schirra "Raumfluch aus dem Léierbuch", 6 Äerdëmkreesungen
Mercury-Atlas 9
Mercury 9 - Patch.jpg
Faith 7 15. Mee 1963 34 h 19 min Gordon Cooper 22 Äerdëmkreesungen an 34 Stonnen 20 Minutten, déi éischt Landung den Dag duerno

D'Enn vum Projet[änneren | Quelltext änneren]

D'Reiwungslosegkeet vum Fluch vum Walter Schirra iwwer 6 Äerdorbite mat der Mercury 8 hat zu engem virzäitegen Enn vun de Mercury-Raumflich gefouert an dem virgezunnenen Ufank vum Gemini-Programm.[2] Den 12. Juni 1963 gouf de Mercury-Programm offiziell agestallt. Well de President John F. Kennedy a senger Kongressried de 25. Mee 1961 d'Moundlandung während dem lafende Joerzéngt als Zil uginn hat, hu misse grouss Raumfaart-Programmer uviséiert ginn, well sou éiergäizeg Plange mat dem Mercury-Programm net ze realiséiere waren. Dat louch an éischter Linn un der Onméiglechkeet, d'Raumschëff ze manövréieren. Dat war awer fir Kopplungsmanöver am All eng noutwendeg Viraussetzung. Nom Mercury koum de Gemini-Programm, fir deen d'Geplangs schonn 1959 ugefaangen hat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

NASA-Mission-Reports[änneren | Quelltext änneren]

  • Robert Godwin, SIGMA 7: the NASA Mission Reports, Apogee Books, 2003, ISBN 1-894959-01-9 (Buch & CD)
  • Robert Godwin, Freedom 7: the NASA Mission Reports, Collector's Guide Publishing, 2001, ISBN 1-896522-80-7 (Buch & CD)
  • Robert Godwin, Friendship 7: The First Flight of John Glenn, Apogee Books, 1999, ISBN 1-896522-60-2 (Buch & CD)

Allgemeng[änneren | Quelltext änneren]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mercury-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. http://www.sciencephoto.com/images/imagePopUpDetails.html?pop=1&id=833000025&pviewid=&country=67&search=&matchtype=FUZZY
  2. Mercury Program Nears End: 18 Orbits to Go; Electronics, 12. Oktober 1962, S.7