4. November
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 4. November ass den 308. Dag vum Joer (309. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Okt – November – Dez | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer [änneren]
- 1922: Egypten: Den Howard Carter fënnt am Dall vun de Kinneken bei Luxor dat bis dohin onbekannte Graf vum Pharao Tutanchamun.
- 1956: Ungarn: Sowjetesch Truppe fänken un, den Opstand vum ungaresche Vollek bluddeg néierzeschloen.
- 1979: Iran: Iranesch Studente besetzen d'amerikanesch Ambassad zu Teheran a fuerderen d'Ausliwwerung vum Schah deen an d'USA fortgelaf war. D'Besetzung dauert bis den 20. Januar 1981.
- 1995: Israel: Den israelesche Premier Itzchak Rabbin gëtt zu Tel Aviv vun engem jiddeschen Extremist ëmbruecht.
- 2008: De Barack Obama (Democrats) gewënnt d'US-Presidentschaftswale géint den John McCain (Republican Party).
Lëtzebuerg [änneren]
- 1914: Den Institut Emile Metz (haut Lycée Technique Privé Emile Metz) mécht seng Dieren op.
- 1928: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Gent géint Belsch 1:1. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Pierre Bommertz geschoss.[1]
- 1934: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Déifferdeng 3:3 géint d'Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Mart (2) an de Robert Geib geschoss.[2]
- 1951: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 3:0 géint Finnland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Tapio Pylkkonen (Selbstgol), Vic Nurenberg a François Muller geschoss.[3]
- 1963: De Vizepresident vun den USA, de Lyndon B. Johnson, ass zu Lëtzebuerg op Staatsbesuch.
- 1973: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Norwegen. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Vinicio Monacelli a Pierrot Langers geschoss.[4]
Gebuer [änneren]
- 1742: Jakob Friedrich Ehrhart, Schwäizer Botaniker.
- 1874: Charles Despiau, franséische Sculpteur.
- 1892: Jean-Pierre Stein, lëtzebuergeschen Enseignant.
- 1899: Nicolas Frantz, lëtzebuergesche Vëlossportler an zweefachen Tour-de-France-Gewënner.
- 1911: Joel Hurstfield, briteschen Historiker.
- 1913: Norbert Etringer, lëtzebuergeschen Douanier, Lokalhistoriker an Auteur.
- 1919: Anne Peter Schilperoort, hollännneschen Jazzmuseker an Orchesterchef.
- 1923: Harry Valérien, däitsche Sportjournalist an Auteur.
- 1925: Leopoldo Elia, italienesche Riichter a Politiker.
- 1933: Chukwuemeka Odumegwu Ojukwu, biafranesch-nigerianesche Militär a Politiker.
- 1944: Judy Winter, däitsch Schauspillerin.
- 1946: Robert Mapplethorpe, amerikanesche Fotograph.
- 1951: Traian Băsescu, rumänesche Politiker.
- 1955: Matti Vanhanen, finnesche Politiker.
- 1963: Marc Thomé, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 1965: Misch Bervard, lëtzebuergesche Monteur a Regisseur.
- 1972: Luís Figo, portugisesche Foussballspiller.
- 1985: Marcell Jansen, däitsche Foussballspiller.
- 1986: Alexz Johnson, kanadesch Schauspillerin.
Gestuerwen [änneren]
- 1847: Felix Mendelssohn Bartholdy, däitsche Komponist.
- 1884: Édouard d'Huart, belsche Politiker.
- 1928: Mathias Esch, lëtzebuergesche Literaturkritiker a Schrëftsteller.
- 1945: George Willis Ritchey, US-amerikaneschen Optiker, Astronom an Teleskopebauer.
- 1976: Massimo Dallamano, italienesche Kameramann, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1982: Alicia Penalba, Sculptrice.
- 1990: Henry Cravatte, lëtzebuergesche Politiker.
- 1998: Emmanuel Bulz, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 1999: René Mailliet, lëtzebuergeschen Architekt.
- 2008: Michael Crichton, US-amerikanesche Schrëftsteller.
Feierdeeg [änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 4. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Egypten den 28. Juni 1928 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 4. November 1934 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Finnland de 4. November 1951 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen de 4. November 1973 um Site European Football
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Egypten den 28. Juni 1928 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 4. November 1934 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Finnland de 4. November 1951 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Norwegen de 4. November 1973 um Site European Football