Chukwuemeka Odumegwu Ojukwu
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Chukwuemeka Odumegwu Ojukwu, gebuer de 4. November 1933 a gestuerwen de 26. November 2011, war en nigerianeschen a biafranesche Staatsmann. Hie war vun 1967 bis 1970 President vun der Republik Biafra.
Den Chukwuemeka Ojukwu war Leitnant-Kolonel an der nigerianescher Arméi.
No engem Biergerkrich tëscht deene verschiddene nigerianesche Stämm gouf den 30. Mee 1967 d'Onofhängegkeet vu Biafra ausgeruff, anden Ojukwu gouf zum President dovunner ernannt.
Hien ass den 8. Januar 1970 zeréckgtrueden.
Bis 1980 huet hien an der Verbannung misse liewen. Dono huet hien 1983 fir den Nigerianesche Senat, an 2003 fir d'Presidentschaftswale kandidéiert, gouf ower net gewielt.