Guill Schmitz

Vu Wikipedia
Guill Schmitz
Gebuer 24. September 1926
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. November 1987
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts
Aktivitéit Moler, Sänger
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

De Guillaume ("Guill") Schmitz, gebuer de 24. September 1926 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 4. November 1987, war e lëtzebuergesche Moler a Sänger[1].

De Guill Schmitz ass zu Miesdref opgewuess. Hien huet op der École des beaux-arts zu Paräis studéiert[2]. Zu Paräis krut hie seng éischt Commande, fir e Fresko aus dräi Deeler op der Mauer hannert dem Altoer vun der Muttergottes an der ''Église Saint-Joseph-Artisan'', der Kierch vun der franséisch-lëtzebuergescher Missioun, ze maachen[3].

1948 huet hie mam Lé Tanson a Gaston Picard L'Equipe Parisienne gegrënnt, si hunn dat Joer zesummen zu Munneref a Metz ausgestallt. De Schmitz gouf Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg (CAL), wou hie vun 1949 bis 1963 un de Salonen deelgeholl huet. Hien huet och 1953 zesumme mam Michel Breithoff, Jean-Pierre Junius an Aurelio Sabbatini an der Galerie Bradtké ausgestallt.

1954 huet hien de Prix de la jeune peinture Luxembourgeoise um Salon du CAL gewonnen. Nieft senger Aarbecht als Kënschtler huet de Schmitz op der Post geschafft.

De Schmitz war och an der klassescher Musek aktiv. Hien huet als Jongesopran am Männerchouer zu Miesdref ugefaangen a gouf spéider Dirigent vum Chouer. Dem Schmitz seng Stëmm huet sech zu engem déiwe Bass entwéckelt an hien ass als Solosänger opgetrueden.

1962 gouf hie Member vum Ensembel Quatuor Vocal du Luxembourg, gegrënnt vum Pierre Nimax Sr. De Quartett hat ronn drësseg Optrëtter d'Joer. 1979 ass en an den USA op Tournee gaangen an huet eng Rei LPen erausbruecht. 1978 krut de Schmitz zesumme mat senge Quartettkollegen Nico Hames a Laurent Koster d'Médaille en vermeil vum Ordre de la couronne de chêne[4].

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1948 Fresko aus 1948 an der Kierch Saint-Joseph-Artisan, Rue La Fayette zu Paräis.
  • 1953 Kräizwee (Fresko) an der Kierch Wolz[5]
  • 1960 Design Fändel fir d'Pompjeeë Miesdref-Pëtten[6]
  • 1980 Design Fändel fir d'Kannerchouer vum Neiduerf/Weimeschhaff[7]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Welter, J., réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Herr, L. (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 300-302.
  3. "Kulturelles Leben", Luxemburger Wort, 14. Mee 1948; "Luxemburger Kunst in Paris", Luxemburger Wort, 7. August 1948.
  4. "Ordre de la couronne de chêne", Luxemburger Wort, 21. Juni 1978.
  5. J.T., "Die neuen Kreuzweg-Stationen in der Wiltzer Kirche", Luxemburger Wort, 13. Januar 1955.
  6. "Ansprachen und Enthüllen der Fahne", Luxemburger Wort, 22. Juli 1970.
  7. "Fahnenweihe beim Kinderchor aus Neudorf-Weimershof", Luxemburger Wort, 24. November 1980.