Pierre Nimax Sr.

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pierre Nimax Sr.
Gebuer 22. September 1930
Bouneweg
Gestuerwen 19. Januar 2021
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dirigent, Pianist, Musikolog, Komponist
Famill
Kanner Pierre Nimax Jr

De Pierre Nimax senior, gebuer den 22. September 1930 zu Bouneweg a gestuerwen den 19. Januar 2021 zu Lëtzebuerg[1],[2], war e lëtzebuergesche Komponist, Museks-a Chouerdirigent, Pianist, Musekspedagog an Auteur vu musikalesche Léierbicher.

Hien huet eng Formatioun als Orchesterchef um Conservatoire royal zu Bréissel gemaach nieft enger Pianosformatioun zu Köln a enger als Harmonie-Orchesterchef zu Trossingen.

Vun 1953 bis 1971 huet den Nimax Coursen am Stater Conservatoire ginn.

Vun 1972 bis 1977 war hien Direkter vun der Ettelbrécker Museksschoul.

Hie war vun 1971 bis 1986 Dirigent vun der Lëtzebuerger Militärmusek. Hie war den éischten Dirigent vun der Militärmusek deen net aus der Arméi koum.

1989 war hie Matgrënner vum Lëtzebuerger Männerchouer 1989 vun deem hien artisteschen Direkter war.

De Pierre Nimax Sr. ass de Papp vum Pierre Nimax Jr..

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • De Glécksschlëssel (1952)
  • De Besuch um Wudderhaff (1961)
  • Hommage à Robert Schumann (1985)

Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  • Nimax, P. (1961). Chorerziehung : (praktische Winke). 1861-1961, 1861-1961. - Dommeldange : Société chorale grand-ducale, 1961 P. 112-114, ill.
  • Nimax, P. (2001). Die Luxemburger Militärkapelle : 1842 - 2001. Ons Stad, Ons Stad. - Luxembourg N° 67 (juillet 2001), p. 4-10, ill.
  • Nimax, P. (2015). Variationen über "Mäi Wéngert" (2014). Das Moseltal : Dichtung – Malerei – Musik, Das Moseltal : Dichtung – Malerei – Musik Trier : Michael Weyand, 2015 p. 328-329.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Nimax,. In: d'Letzeburger Land, 30. Jg., nº 45 (11.11.1983), S. 2.
  • Hanlet, H. (1972). Militärkapellmeister Pierre Nimax. Revue, Revue. - Luxembourg Jg. 28(1972), Nr. 26, p. 76-77, ill.
  • Thierry Hick, Daniel Conrad. (2021) Im Einsatz für die Musik und die Musiker. Luxemburger Wort, 23.01.2021, S. 27
  • Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, 1988, Erausgi vun der Lëtzebuerger Stadmusek Artikel: Pierre Nimax (*1930) Säiten 142- 145

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Orchesterchef vum Haff

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Dirigent Pierre Nimax verstorben, Luxemburger Wort vum 23. Januar 2020, S.1
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 26. Januar 2021
Dirigente vun der Lëtzebuerger Militärmusek

Franz Hoebich - Philippe Decker - Gustave Kahnt - Edmond Patzké - Fernand Mertens - Pol Albrecht - Albert Thorn - Norbert Hoffmann - Pierre Nimax - André Reichling - Jean-Claude Braun