17. November
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 17. November ass den 321. Dag (322. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
| Okt – November – Dez | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | |||||
Inhaltsverzeechnes |
Evenementer[änneren]
- 1791: Frankräich: De Jérôme Pétion de Villeneuve gëtt Buergermeeschter vu Paräis.
- 1957: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Diest 1:2 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Camille Dimmer geschoss.[1]
- 1971: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Eindhoven, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972, 0:8 géint Holland.[2]
- 1984: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:5 géint déi Däitsch Demokratesch Republik.[3]
- 2004: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:5 géint Portugal.[4]
- 2006: Zu Lëtzebuerg ass a verschiddene Lycéeën e Schülerstreik.
- 2007: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:1 géint Holland.[5]
- 2010: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg 0:0 géint Algerien.[6]
Gebuer[änneren]
- 1717: Jean Baptiste le Rond d'Alembert, franséische Mathematiker, Physiker an Enzyklopedist.
- 1749: Nicolas Appert, franséischen Erfinder.
- 1840: Lawrence Parsons, 4. Earl of Rosse, ireschen Astronom.
- 1865: John Stanley Plaskett, kanadeschen Astronom.
- 1876: August Sander, däitsche Fotograf.
- 1879: Berthe Brincour, lëtzebuergesch Molerin.
- 1882: Germaine Dulac, Filmregisseurin.
- 1885: Bernard Simminger, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 1887: Bernard Montgomery, britesche Marschall am Zweete Weltkrich.
- 1890: Hary Trauffler, lëtzebuergeschen Theaterauteur an Editeur.
- 1901: Lee Strasberg, amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
- 1920: Camille Felgen, lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Tëleesanimatuer, Schlagertextschreiwer a Schauspiller.
- 1922: Stanley Cohen, US-amerikanesche Biochemiker.
- 1923: Aristides Pereira, kapverdianesche Politiker.
- 1925: Rock Hudson, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1930: Arlette Gruss, franséisch Zirkusdirekesch.
- 1935: Toni Sailer, éisträichesche Skifuerer a Schauspiller.
- 1942: Martin Scorsese, US-amerikanesche Regisseur.
- 1942: Ady Stefanetti, lëtzebuergeschen Turner.
- 1944: Danny DeVito, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1944: Claes-Ingvar Lagerkvist, schwedeschen Astronom.
- 1945: Roland Joffé, britesche Regisseur.
- 1949: Nguyễn Tấn Dũng, vietnamesesche Politiker.
- 1950: Marco Lorenzini, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 1952: Hubert von Goisern, éisträichesche Liedermacher a Museker.
- 1954: Max Kohn, lëtzebuergesche Graphiker a Sculpteur.
- 1956: Angelika Machinek, däitsch Seegelfligerpilotin.
- 1963: Pascal Becker, lëtzebuergesche Journalist a Filmregisseur.
- 1966: Sophie Marceau, franséisch Schauspillerin.
- 1973: Bernd Schneider, däitsche Foussballspiller.
- 1980: Santo Anzà , italienesche Vëlossportler
- 1981: Maud Mulder, hollännesch Sängerin.
Gestuerwen[änneren]
- 1604: Arnold Mylius, Drécker a Buchhändler zu Köln.
- 1796: Catherine II. déi Grouss, russesch Zarin (* 2. Mee 1729).
- 1905: Adolphe, Groussherzog vu Lëtzebuerg (* 24. Juli 1817).
- 1917: Auguste Rodin, franséische Sculpteur.
- 1973: Lou Koster, lëtzebuergesch Komponistin a Pianistin.
- 1975: Rudolf Palgen, lëtzebuergesche Philolog.
- 1998: Ida Faber-Hoesdorff, lëtzebuergesch Molerin.
- 2006: Ferenc Puskás, ungaresch-spuenesche Foussballspiller.
- 2008: Denise Bindschedler-Robert, schwäizer Juristin.
Feierdeeg[änneren]
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 17. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 17. November 1957 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg de 17. November 1971 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-DDR de 17. November 1984 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal de 17. November 2004 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg de 17. November 2007 um Site European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Algerien de 17. November 2010 um Site European Football