Arlette Gruss

Vu Wikipedia
Arlette Gruss
Gebuer 17. November 1930
Vernon
Gestuerwen 2. Januar 2006
La Fontaine-Saint-Martin
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Zirkusartist, Geschäftspersoun

D'Arlette Gruss, gebuer de 17. November 1930 zu Vernon a gestuerwen den 2. Januar 2006 zu La Fontaine-Saint-Martin am Departement Sarthe war eng Zirkusdirektesch.

D'Arlette Gruss entstaamt enger bekannter Zirkus-Dynastie. Si war d'Kusinn vum Alexis Gruss, dem Direkter vum Cirque national, dee säin Numm dréit, an dat eelst Meedche vum Konschtreider mam Homonym, dem Alexis Gruss. Nom Doud vun hirem Papp huet se 1985 hiren eegenen Zirkus, den Cirque Arlette Gruss, gegrënnt.

An der Zirkusarena huet si mat Panthere geschafft.

Si war Chevalier vun der Légion d'honneur a vun den Arts et Lettres.