Dragon (Raumschëff)
Den Dragon ass e Raumschëff vun der US-amerikanescher Entreprise SpaceX, dat mat enger Falcon-9-Rakéit gestart gëtt. Déi aktuell Dragon-Kapsel ass nëmme fir Materialtransport gëeegent. Spéider sollen och bis zu siwe Persounen op d'ISS geflu ginn. Am Deel vun der Kapsel deen ënner Loftdrock steet stinn 10 Kubikmeter Volumen fir méi wéi 3.000 kg Notzlaascht zur Dispositioun. Während dem Antrëtt an d'Atmosphär a bei der Landung am Mier kommen en Hëtzschëld a Fallschiermer zum Asaz. Den éischte Start vun enger onbemannter Dragon-Kapsel war den 8. Dezember 2010.
Inhaltsverzeechnes |
Opbau [änneren]
D'Kapsel besteet aus dräi Deeler, weit am Ganzen aacht Tonnen, ass 5,3 m héich an huet e maximalen Duerchmiesser vun 3,7 m. Op der Spëtzt ass beim Start eng Kap, hannert där sech de Kopplungsadapter fir d'ISS verstoppt. Dohannert ass déi 4,2 t schwéier an 3,1 m héich Drockkabinn fir Notzlaaschten an/oder d'Crew. No der Skizz solle bis zu siwe Raumfuerer dra Plaz hunn. Um Enn ass de Servicemodul deen an der Kapsel integréiert ass. Am Servicemodul sinn 1290 kg Dreifstoff gelagert, fir déi an der Kapsel integréiert 18 Dreifwierker ze versuergen. Den Dreifstoff geet duer fir e Rendez-vous an d'Ukoppelen un d'ISS souwéi d'Ofkoppelen an d'Ofbremse fir de Retour. Un de Servicemodul ka sech bei der Notzlaaschtkonfiguratioun nach en zousätzlechen 14 m³ grousse Stauraum fir méi grouss Laaschten uschléissen; dee steet awer net ënner Drock. Un dat zousätzlecht Element gi Solarpanéilen a Wäermtauscher ugemaach.[1] Mat där Versioun vun der Falcon-9-Drorakéit kann den Dragon ongeféier 2,5 t Notzlaascht op d'ISS transportéieren, de COTS-Vertrag gesäit am Ganzen 20 t an 12 Flich vir, dat sinn ongeféier 1,7 t pro Fluch. Bei enger spéiderer, méi staarker Versioun vun der Falcon-9-Drorakéit (Falcon 9 Block III) soll déi maximal Notzlaascht op iwwer 6 t pro Fluch vergréissert ginn [2].
Je no Ufuerderung vun der Missioun kann de bannenzege Raum vun der Dragon-Kapsel anescht opgebaut ginn. Bei enger Notzlaaschtmissioun ginn Notzlaaschtracke verbaut. Zudeem gëtt et zwou Installatiounsméiglechkeete vun der Shuttle-Middecks-Aart, déi och aktiv Notzlaaschten, wéi Gefréierbehälter, erlaben. Fir eng bemannt Missioun gi Sëtzer fir d'Raumfuerer a Kontrolle fir eng manuell Steierung agebaut.
Dragon als bemannt Raumschëff [änneren]
Souwuel d'Drorakéit wéi och d'Raumschëff gouf vun Ufank un och fir de Persounentransport ausgeluecht. Aus deem Grond soll d'Zuel vun den Ännerungen hin zu engem bemannte Raumschëff vergläichswäis kleng ausfalen.
Well bei enger bemannter Missioun méi héich Ufuerderungen un d'Sécherheet gestallt ginn, ass et während esou enger Missioun méiglech, datt d'Mannschaft den Autopilot deaktivéiert a selwer d'Steierung iwwerhëlt. Am Normalfall gëtt den Dragon vun zwéin Avioniksystemer gesteiert, déi och ouni Crew d'Undocken un d'ISS erméiglechen.
D'System fir d'Rettung während der Startphas soll anescht wéi beim Apollo-Raumschëff net aus engem Fluchttuerm bestoen, mä an d'Raumschëff integréiert ginn.
Missiounen [änneren]
Stand: 8. Oktober 2012
| Nr. | Zil | Startdatum | Startzäit (UTC) |
Fluchdauer (a Stonnen) |
Drorakéit | Startplaz | Bemierkung |
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| 1 | NASA-COTS 1 | 8. Dezember 2010 | 15:43 | 3:19 | Falcon 9 | CCAFS LC 40 | Erfolleg |
| 2 | NASA-COTS 2 | 22. Mee 2012 | 07:44 | 223:58 | Falcon 9 | CCAFS LC 40 | Erfolleg |
| 3 | NASA-CRS 1 | 8. Oktober 2012 | 00:34 | 430:16 | Falcon 9 | CCAFS LC 40 | Deelerfolleg duerch Problemer beim Start. |
| 4 | NASA-CRS 2 | 1. Mäerz 2013 | Falcon 9 | CCAFS LC 40 | geplangt |
COTS-Programm [änneren]
Am Kader vum COTS-Programm (Commercial Orbital Transportation Services) vun der NASA gouf den Dragon ëmfangräich getest. Et goufe verschidde Fäegkeeten vum Raumschëff an der Drorakéit demonstréiert (ë. a. Start, automatesch Navigatioun, Undocken un d'ISS, Neesantrëtt a Landung). Dozou goufen zwéin Demonstratiounsflich duerchgefouert.
COTS-1 [änneren]
Missioun 1 bestoung aus dem Start vun der Falcon 9 mat dem Dragon, der Oftrennung vun der zweeter Stuf vun der Falcon 9, dem Ëmpfang vu Befeeler an deenen hir Veraarbechtung am Orbit a Manövertester. Dee Fluch war den 8. Dezember 2010. No zwou Äerdëmronnungen an enger Missiounsdauer vun 3 Stonnen 19 Minutten war um 19:02 UTC den Neesantrëtt eng erfolgräich Waasserlandung mat uschléissender Biergung am Pazifik. D'Missioun gouf vu SpaceX a vun der NASA als Erfolleg gewäert.
COTS-2 [änneren]
De Start vun der zweeter Missioun, déi en Undockmanöver un déi International Raumstatioun maache soll, war den 22. Mee 2012 um 07:44 Uhr UTC. No enger Rei vun Tester a komplizéierte Manöver war d'Dragonkapsel de véierten Dag bis op 10 Meter un d'ISS erukomm. Si gouf du mat dem Canadarm2-Roboterarm vun der Raumstatioun agefaangen an an eng fräi Kopplungsplaz vum US-amerikaneschen Deel vun der ISS gefouert. Dëse Virgank gouf vum ISS-Bord vun den Astronauten Don Pettit an André Kuipers gesteiert. D'Raumschëff hat 460 kg Fracht (520 kg mat Transportverpakung) op d'ISS transportéiert a gouf fir de Réckfluch mat iwwer 600 kg Offall a Material, dat net méi gebraucht gouf belueden. Zousätzlech goufen am Optrag vun där op Weltraumbegriefnesser spezialiséierter Firma Celestis mat der zweeter Rakéitestuf 308 Äschekapselen an de Weltraum bruecht. Den 31. Mee 2012 gouf d'Dragonkapsel nees vun der Raumstatioun getrennt. Nom Neesantrëtt an d'Äerdatmosphär war d'Waasserlandung um 15:42 Auer UTC virun der Küst vu Nidderkalifornien.
CRS-Programm [änneren]
AM Kader vum CRS-Programm (Commercial Resupply Services) huet d'NASA SpaceX fir 1,6 Milliarden US-Dollar ugestallt, 12 Dragon-Flich fir d'Versuergung vun der ISS duerchzeféieren. Den éischte Fluch vun CRS1 ass den 8. Oktober 2012 gestart ginn.
CCdev-Programm [änneren]
Am Kader vum CCdev-Programm (Commercial Crew Development) ënnerstëtzt d'NASA, déi ouni d'Space Shuttle keng eege bemannte Missiounen zum Crewaustausch méi duerchféiere kann, d'Weiderentwécklung vun der Dragon zu engem bemannte Raumschëff. Eng bemannt Dragon, déi no SpaceX bei ausreechender Finanzéierung bis 2014 bereet kéint sinn, kéint beim Crewtransport d'Sojus-Kapselen entlaaschten.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Dragon-Raumschiff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ FliegerRevue Februar 2011, S.40-44, Der Drache lernt fliegen
- ↑ Artikel zu Cygnus und Dragon von Bernd Leitenberger